
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg, Sonndeg a Méindeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
Zanter e Freideg ass ee Mënsch um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d’Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 1.055.
Bannent de leschte 96 Stonne goufen et 1.680 positiv Fäll bei ronn 5.029 PCR-Tester. Den Ament sinn 30 Persounen hospitaliséiert, dovunner zwee Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.278.254 Impf-Dosisse genotzt, 472.776 Persoune si komplett geimpft.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,96. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. D’Zuel vun den aktiven Infektiounen läit bei 11.827, 218.109 Mënschen sinn nees gesond.