2 FestnamenEen Drogendealer op der Gare an e Ketten-Déif am Tram festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Freideg géint 15 Auer ass enger Policepatrull an der Stad e Mann opgefall, bei deem et ee Verdacht op Drogenhandel gouf.
Drogendealer am Garer Quartier a Ketten-Déif an der Tram festgeholl.
© Laurent Weber

Wéi d'Beamten op hien zougaange sinn, huet hie sech nervös ewechgemaach an ass mat enger schwaarzer Täsch an eng oppe Garage gaangen. Kuerz drop koum hien ouni d'Täsch erëm eraus. Bei der Kontroll goufen zwee Handyen a Boergeld fonnt. D'Police huet déi schwaarz Täsch an der Garage entdeckt. Bei enger Kontroll op der Kommissariat gouf doran eng méi grouss Quantitéit un Droge fonnt. De Mann gouf festgeholl. D'Droge goufe saiséiert.

Festnam no versichtem Ketten-Déifstall an der Stad

E Freideg géint 17.40 Auer soll e Mann versicht hunn, engem anere Mann an enger Tram an der Stad eng Kette vum Hals ze rappen. Duerno ass de presuméierten Täter zu Fouss geflücht. D'Affer huet de Mann kuerz drop gestoppt. Op Uerder vun der Parquet gouf de presuméierten Täter festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO