Coronavirus zu LëtzebuergEen Infizéierten op 367 Tester

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, zanter dem 1. Juni bei 818 läit.
© RTL-Archivbild

Aktuell sinn 9 Persounen hospitaliséiert, dovunner 1 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 498 aktiv Infektiounen. 69.129 Persoune gëllen als geheelt.

Am Ganze goufe bis ewell 439.632 Dosisse genotzt. 268.206 Leit kruten hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 171.426 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,67. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO