Et ass allerdéngs net grouss genuch, fir ënnert d’Ramsar-Konventioun ze falen. Déi gouf 1971 an der iranescher Stad vun 21 Länner ënnerschriwwen.
E Fiichtgebitt ass e wichtege Liewensraum fir allerlee Déieren, vu klengen Insekte bis hin zu Villercher. D’Schlammwiss ass gläichzäiteg dat gréisste Schilf-Gebitt hei am Land.
Iwwer d’Wanterméint hale sech eng 20 verschidde Villerchersaarten hei am Naturreservat op. Dëst si Vullen, déi hei ze friesse fannen an och hiren Dortoire hunn. D’Bekassinn ass ee vun dëse Villercher an der Schlammwiss.
Dëst Fiichtgebitt ass och ganz beléift bei de Migratiounsvillercher. D’Schlammwiss ass eent vun 12 Vulleschutzgebidder hei am Land.