
Den Effectif vum Policekader ass an der Zäit vun 3 Joer, vun 1.728 Memberen Ufank Januar 2020 op 3.029 Memberen Ufank Januar 2023 eropgaangen. Dat confirméiert den zoustännege Minister Kox op meng parlamentaresch Fro vun der CSV.
An dësem Kontext gouf och präziséiert, datt gläichzäiteg den Effektiv vum Zivilkader vun der Police vun 394 Persounen Ufank Januar 2020, op 662 Persounen Ufank Januar 2023 eropgaangen ass.
Dëst géif weisen, datt d’Polizisten iwwert déi lescht 3 Joer ëmmer méi vum Zivilkader konnten entlaascht ginn, wat et hinnen erméiglecht, sech ëmmer méi op hier Aarbecht um Terrain ze konzentréieren, sou de Minister.
D’Efforte fir de Rekrutement ginn iwwerdeems weider. Dëst Joer goufen an de Carrièrë B1 a C1 191 Stagiairen agestallt.