
D'Petitioun Nummer 1717 gouf als Reaktioun vum ominéise Gesetzprojet 7662 opgestallt, iwwert deen de Rekrutement fir d'Direkteschposten a verschiddene Lycéeë sollt opgemaach ginn.
Een Dag virum Debat an der Chamber haten d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP an den Educatiounsminister bekannt ginn, datt si sech eens goufen an den ëmstriddene Gesetzprojet gouf zréckgezunn a soll iwwerschafft ginn. Trotzdeem war et de Petitionäre wichteg, hiert Uleies ze presentéieren, seet d'Ana Pinto.
"Wa mir de Moien trotzdeem heihinner komm sinn, trotz Deelserfolleg gëschter, ass et well mir eis d'Fro gestallt hunn, wéi et iwwerhaapt méiglech war, dass eng Privatiséierung a Betruecht gezu gouf.", esou d'Ana Pinto e Mëttwoch.
Fir d'Petitionäre ginn et ënnerschiddlech Phenomener, déi op eng Privatiséierung vun der ëffentlecher Schoul hiweisen. Dat géif vu Werbung an de Schoulen, bis dem Aféiere vu Manager-Methoden an der Schoul, bis Privatschoule goen, sou den Nicolas Sizaret, an do géifen et am Ausland Beispiller ginn, déi engem Suerge maachen.
"Au Kenya, dans les écoles Oméga, les poignets de chaque élève est équipé d'un bracelet électronique. Si les parents n'ont pas payé les frais de scolarité de la semaine, le portique à l'entrée de l'école fait "biip biip" et l'écolier est renvoyé chez lui. (...) La multinationale de l'éducation dont je viens de parler, c'est le groupe "Pearson", le plus grand opérateur de sevice d'éducation à but lucratif dans le monde. C'est ce même groupe Pearson à qui le Lycée Michel Lucius a externalisé la correction des examens de 3ieme et de 1ere de la moitié de ses élèves."
Den Educatiounsminister Claude Meisch sot, d'Zesummenaarbecht mat deem Acteur wier mëttlerweil ofgeschloss - hie géif d'Kritik verstoen, mee deemools wier et keng alternativ ginn an haut géif ee mat enger non-profit zesummeschaffen. Am Allgemenge géif et zu Lëtzebuerg e breede Konsens ginn, datt d'Schoul net sollt privatiséiert ginn, sou de Claude Meisch, an där Meenung wier hien och. Nom Kompromëss, deen dës Woch mat der CGFP fonnt gouf, géife sech awer och nach aner Froe stellen.
"Wat muss en Direkter haut kënnen, wéi eng Kompetenze muss e matbréngen. Eng Schoul leeden, ass eppes anescht wéi Schoul halen. Ech mengen do brauch een och eng Formatioun dofir, do ass een net mat der Nominatioun duerch de Grand-Duc vun haut op muer prett, fir dat ze maachen, mee do muss een och dra begleet ginn. Sécherlech awer och kucken, wéi mer déi Funktioun an déi Aufgab valoriséieren, fir datt méi Enseignantë sech beruff spieren."
Vue dass den Educatiounsminister de Gesetzprojet scho virun der Debatt an der Chamber zréckgezunn huet, huet d'Petitiounskommissioun iwwerdeems keng Conclusiounen zeréckbehalen, sou d'Presidentin vun der Petitiounskommissioun Nancy Kemp-Arendt nom Huit Clos.