Hien ass no 20 Joer Erfarung elo responsabel fir de Schutz vu Natur a Wëld, d’Biodiversitéit a fir de nohaltegen Ëmgang mat eise Bëscher. E Batz Aarbecht, deen eng Direktioun vun 3 Responsabelen an eng Equipe vu ronn 470 Mataarbechter, am Optrag vum Ëmweltministère ze maachen hunn.
D’Decisiounen um Pabeier an d’Realitéit ëmsetzen ass dobäi eng vun de Prioritéite vum neien Direkter, deem et wichteg ass, dass d’Klima- an d’Biodiversitéits-Kris net géinteneen ausgespillt ginn.
Jo, ech wäert méi am Büro misse sëtzen, seet deen neie Chef, mee dat géif hien awer net dovunner ofhalen, säi Fokus op den Terrain ze riichten. Wéi wichteg Terrainsaarbecht ass, geséich een hei un der Opforstung vum Bambësch, nom uerge Stuerm an de 90er. Déi national an europäesch Strategien dobaussen ëmzesetzen, wier seng Prioritéit.
Duerch déi kleng Fläch, déi eist Land hätt, wier den Drock enorm grouss an deemno eng Zesummenaarbecht tëscht allen Acteuren inevitabel, Baueren, Jeeër. Mir missten erëm Strukturen an eis Landschaft kréien, seet de Michel Leytem.
Naturno a resilient Bëscher sinn d’Zil, iwwer d’Landesgrenzen eraus. National muss ee sech als Bierger un d’Naturschutzgesetz halen; beim Bauen an der Zone verte kënnt e pluridisziplinäert Team vun der Naturverwaltung an den Asaz – ugefaange beim Fierschter, deen d’Instruktioun mécht. D’Verwaltung géing preparéieren, de Ministère awer ëmmer nach decidéieren.
“Terrainsaarbecht heescht, fir unzefänken dem Fierschter en Deel vun der Responsabilitéit ze ginn. Den Net-Respekt vum Naturschutzgesetz kann ëmmer nach direkt an indirekt Konsequenzen hunn.”
Onbedéngt wichteg : Etuden an Autorisatiounen, fir dass en negativen Impakt op d’Natur minimiséiert oder ausgeschloss kéint ginn.
Dee gréisste Feeler, dee mer kéinte maachen, wier d’Klima-Kris géint d’Biodiversitéitskris auszespillen, monéiert de Michel Leytem.
“Eolienne matzen am Bësch"– domadder géif hie sech perséinlech schwéier doen. Ouni et awer kënnen auszeschléissen. “Hei zielen och a grad Etuden an Autorisatiounen”, präziséiert de Direkter vun der Naturverwaltung.
Den Dossier Juegd dann nach och hei plaidéiert d’Naturverwaltung fir d’Zesumme-Schwätzen a -Schaffe vu sämtleche concernéierten Acteuren, fir der Iwwerpopulatioun beim Wëld Meeschter ze ginn.
Wat de repressive Rôle vum Fierschter um Terrain ugeet, gesäit den Direkter dës Mission de Police als lescht Optioun ; d’ANF wéilt éischter op Sensibiliséierung an Opklärung setzen.