CommuniquéÉischt "Gemeinwohlökonomie-Gemeng" zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
D'Gemeng Mäerzeg huet e Méindeg an engem Communiqué bekannt ginn, si als éischten "Gemeinwohlökonomie-Gemeng" zu Lëtzebuerg zertifiéiert gouf.

Nodeems Mäerzeg de 4. Dezember 2020 am Kader vum Leader-Projet "#Mertzig4all" offiziell als éischte "Gemeinwohlökonomie-Gemeng" hei am Land zertifiéiert gi war, ass elo den éischte "Gemeinwohlökonomie-Bericht" publizéiert ginn, dëst souwuel op Däitsch wéi och op Franséisch. De Rapport vun der Gemeng fannt Dir hei.

Donieft gëtt et och een Videoclip vu ronn 10 Minutten, an deem de ganze Projet erkläert a resuméiert gëtt.

PDF: Communiqué vun der Gemeng Mäerzeg

Back to Top
CIM LOGO