Avis vun der EthikkommissiounÉischt Impfdosen am beschte fir d'Spidolspersonal op Covid-Statiounen

Monica Camposeo
D'Diskussioun ëm d'Impfstrategie hätt eréischt ugefaangen, dat war en Dënschdeg de Moie bei der Presentatioun vum Avis vun der Ethikkommissioun ze héieren.

D’Presidentin vum CNE Julie-Suzanne Bausch huet betount, dass den aktuellen Avisnëmmen eng Momentopnam ass. Ee grousse Critère, fir d’Evaluatioun vun der Prioriséierung vum Vaccin fir bestëmmte Persounen, war déi warscheinlech kleng Unzuel un Impfdosen, déi am Ufank wäerten disponibel sinn.

A genee well sech fir déi éischt Liwwerung nëmmen eng ganz limitéiert Unzuel vun Impfdosen erwaart gëtt, sollen dës och fir eng limitéiert Persounegrupp agesat ginn. Et hätt een net wëlle bannent enger Persounegrupp mussen decidéieren, wien fir d’éischt e Vaccin ugebuede kritt.

D’Ethikkommissioun geet dowéinst mat engem Perimeter-System vir, wou d’Krankheet Covid-19 am Zentrum steet. Prioriséiert ginn also déi Persounen, déi an enkem Kontakt mat Infizéierten a virun allem kranke Patiente schaffen. Dat wier dann d’Spidolspersonal op de Covid-Statiounen, egal wéi ee Beruff déi eenzel Persoun ausüübt. Domadder wieren déi éischt Impfdosen, och wann et der wéineg sinn, am beschten agesat, well jiddereen dovunner profitéiert, erkläert d’Presidentin vum Nationalen Ethikrot Julie-Suzanne Bausch:

“Fir dass si selwer och kënnen hir Funktioun erfëllen a sech net permanent selwer mussen a Gefor bréngen. Si musse sech jo a Gefor bréngen, well si kënnen net am Teletravail schaffen. Dat heescht, dat war d’Iddi, dass mir de Secteur hospitalier wollten op alle Fall funktiounsfäeg halen. Dat huet jo och en Interêt, net nëmme fir Covid-Kranker, mee och, dass d’Spideeler um Lafe gehale ginn a gutt funktionéieren fir e gudden Accueil vun alle Krankheete kënnen ze maachen.”

D'Presidentin vum CNE Julie-Suzanne Bausch
---automated---

Den Avis vun der Ethikkommissioun wier awer eng Momentopnam, dat gouf en Dënschdeg de Moie bei der Presentatioun betount. Et misst ee lafend analyséieren, wéi sech d’Lag entwéckelt. D’Fro vun der Impfflicht ass am Avis vun der Ethikkommissioun net opgeholl ginn, well séier un der Prioriséierung vu bestëmmte Persounegruppen huet misse geschafft ginn. D’CNE huet sech awer bei der Presentatioun kloer géint eng Obligatioun ausgeschwat. Vill méi soll däitlech an transparent informéiert ginn, fir dass jidderee säi Choix treffe kann.

“E Vaccin muss vun de Mënsche Vertrauen entgéint bruecht kréien. An dat kritt een nëmmen, wann een iwwer Argumenter iwwerzeegt ass. An dat ass déi eenzeg Aart a Weis. Et bréngt näischt ze soen, “wann s du dech net vaccinéiere léiss, da bass du e Béisen oder du muss dat elo”, dat huet guer kee Sënn. Do muss ee mat de Leit schwätzen. Mir sinn all an enger ganz bedréckender Zäit a mir brauchen elo net nach Stress an nach Drock dobäi, de Covid mécht schonn Drock genuch.

Et muss och opgepasst ginn, wou d’Informatioun ophält an d’Reklamm ufänkt. Dass d’Gesellschaft sech spléckt, wier dat Schlëmmst, wat elo kéint geschéien, esou d’Presidentin vum Ethikrot. Fir d’Zukunft gëtt sech nach vill Aarbecht ronderëm déi verschidden Nuancë vun der Ëmsetzung vun der Impfstrategie erwaart:

“Den Haapt-Knackpunkt ass d’Diskussioun, ob verschidde Beruffssparten, notamment am Santéssecteur, net awer zu enger Impfflicht komme soll. Dat ass jo eng Diskussioun, déi och schonn an Däitschland lancéiert ass, do sinn d’Zeitunge voll domadder. An dat gëtt ganz sécher du Pain sur la planche fir d’Ethikkommissioun. Mir mussen eis do natierlech och ofschwätze mat Juristen, déi d’Aspekter vum Droit au travail a Santé au travail beliichten.”

E weidere Knackpunkt wier d’Festleeë vun den nächste Persounegruppen, déi e Vaccin proposéiert solle kréien. Dat soll ëmmer a Funktioun vun der Disponibilitéit vun den Impfdosen geschéien. Fir dass verhënnert gëtt, dass Persounen eligibel sinn, mee dann awer kee Vaccin disponibel wier.

Back to Top
CIM LOGO