Contact EschÉischte Bilan fält positiv aus, keng Reklamatioune vun den Awunner

Fanny Kinsch
Zanter 3 Méint huet den zweeten Drogekonsumraum am Land, de Contact Esch, op. D’Leit géife sou lues dohinner kommen, soen déi Responsabel, eng 40 den Dag.
Contact Esch
Zanter 3 Méint huet den zweeten Drogekonsumraum am Land, de Contact Esch op. D’Leit géife sou lues dohinner kommen, soen déi Responsabel, eng 40 den Dag.

Bei den Noperen nogefrot kann och kee sech beschwéieren, et wier roueg an et léiche keng Nolen oder Knascht an der Strooss. Och de Buergermeeschter Georges Mischo seet op Nofro, weder d’Awunner, nach d’Police hätte sech bis elo bei him beschwéiert. Bis elo deemno méi en harmonescht Bild wéi op der Stater Gare. Eng Entlaaschtung fir den Abrigado wier de Contact Esch awer nach net, esou déi Responsabel Martina Kap.

„Et ka gutt sinn, datt hei Leit aus dem Süden, déi Drogen huelen, datt déi, déi virdrun an d'Stad gefuer sinn, datt déi elo einfach heibleiwen. Awer, wéi ech dat scho gesot hunn, dat sinn net déi problematesch Drogekonsumenten, déi ee virum Abrigado gesäit. Déi hunn eng stabil Liewenssituatioun. Si mussen net 12 Stonnen oder 24 Stonnen am Abrigado sinn. Si kënnen ëmmer nees heemfueren. Nee Entlaaschtung hu mer eigentlech am Moment nach net. Déi Zuele sinn do, esou wäit ech dat weess, nach ëmmer relativ héich. Keng Anung op dat sech laangfristeg ännert. Ech denken, dofir gi mir net duer. "

Déi Responsabel vu Jugend- an Drogenhëllef hofft, datt aner Gemengen decidéieren, Strukturen opzemaachen, wa se d’Beispill vun Esch gesinn, sief dat Konsumräim oder Logement oder aner Hëllefen.

Ouverture vum "Contact" Esch: Nei Struktur zu Esch, fir Abrigado an der Stad ze entlaaschten

Back to Top
CIM LOGO