Dës Entwécklung ass virun allem enger aktiver Preventiounspolitik ze verdanken. Wichtegst Element dovunner ass den Drogekonsumraum am "Abrigado" an der Stad, deen och nach besser als "Fixerstuff" bekannt ass.
Den Abrigado ass 2005 opgaangen a stéisst mëttlerweil u seng Grenzen. Genee dofir geet elo eng zweet Struktur am September zu Esch op.
D'Annick Goerens huet mat Drogekonsumenten iwwer d'Roll vun der Fixerstuff an der Stad geschwat.
"Ech sinn elo 53 Joer. Ech hu mat 14 Joer d'Drogenzeen kennegeléiert. Wéi ech du mäin éischte Frënd kennegeléiert hunn, dee sot ëmmer zu mir "maach dat net, dat ass den Däiwel", mä ech wollt méi staark sinn an ech wollt dozou gehéieren.", erkläert eng Drogekonsumentin, déi anonym bleiwe wëll.
"Ech hu meng ganz Famill verluer, ech hat 4 Doudeger a 4 Joer, mäi Pätter, meng Tata a mäin Papp. Dunn hunn ech heiansdo e Strapp vun enger Zigar gefëmmt, well mäi Papp déi ëmmer gefëmmt huet. Dunn hunn ech ugefaangen, Drëppen a Béier ze drénken an du mat 12 Joer hunn ech mir deen 1. Schoss gesat. Dat war déi gréissten Dommheet a mengem ganze Liewen.", esou ee weideren Drogekonsument, deen och anonym bleiwe wëll.
Schicksalsschléi, seng Grenzen testen, Verzweiwlung, et gi vill Weeër, déi an d'Drogesucht féieren, mee net vill féieren der nees eraus. De "Contact" zu Esch gëtt elo den 2. Konsumraum, deen hei am Land opgeet. Weltwäit ginn et der bis ewell knapp iwwer 90.
De Serge Grissius, Assistant social Jugend- an Drogenhëllef erkläert: "De Konsumraum ass e Raum, wou d'Leit kënnen ënnert sanitären, proppere Konditiounen hir Droge konsuméieren. Si kréien awer hei keng Drogen, déi musse si sech nach ëmmer dobaussen illegal um Marché beschafen. Si kréien hei just Moyene gestallt, fir déi sécher ze konsuméieren."
Den Abrigado zu Bouneweg ass mat ronn 200 Clienten den Dag iwwerlaascht, dat spieren och d'Konsumenten.
"Wat d'Fixerstuff an der Stad ugeet, do muss ech iech éierlech soen, ech sinn am Ufank dohinner gaangen, wéi se opgemaach huet. Do war et nach familiär, dat ass awer elo net méi esou. Elo ass et dekadent, ruppeg, degueulasse. D'Marokkaner an d'Araber, déi setzen do mat den Zelter, déi maachen näischt anescht, wéi dealen a picken sech géigesäiteg of. D'Police kënnt 100 Mol den Dag dohinner."
Eng zweet dezentraliséiert Offer zu Esch, kéint den Abrigado an der Stad entlaaschten. D'Angscht, dass eng Zort "Ghetto" entsteet wéi zu Bouneweg, gëtt et och zu Esch, ma et misst een elo mol ofwaarden a kucken, wéi et sech entwéckelt.
"Et muss ee wëssen, dass d'Problematik (vum Drogekonsum) hei zu Esch/Uelzecht schonn existéiert. Och d'Jugend- an Drogenhëllef ass schonn eng ganz Rëtsch Joren hei um Terrain aktiv. Dat heescht duerch déi Struktur, déi mir elo hei kreéieren, huele mir just d'Leit wärend e puer Stonne vum Dag erof vun der Strooss. Mee déi Problematik selwer, déi existéiert, mir kreéiere keng nei Problemer.", esou nach de Serge Grissius.
Geréiert gëtt de Contact Esch vun der Jugend- an Drogenhëllef. An enger éischter Phas ass just de Kontakt-Café op an eréischt am September mécht dann och den Drogekonsumraum offiziell seng Dieren op.
Inauguration officielle du Contact Esch – le centre d'accueil pour personnes toxicomanes (26.07.2019)
Communiqué par: Ministère de la Santé / Collège des bourgmestre et échevins de la Ville d'Esch / Fondation Jugend- an Drogenhëllef
Le Vice-Premier ministre, ministre de la Santé, Étienne Schneider et Georges Mischo, député-maire de la Ville d'Esch-sur-Alzette, ont inauguré officiellement le centre d'accueil pour toxicomanes Contact Esch en présence du Dr Alain Origer, coordinateur national «Drogues» et de Jean-Nico Pierre, directeur de la Fondation Jugend- an Drogenhëllef. Ce nouveau centre d'accueil, sis 130 rue de Luxembourg, sera géré par la Fondation Jugend- an Drogenhëllef.
Le Contact Esch est une structure combinée de jour avec salle de consommation supervisée pour usagers de substances illicites et conventionnée par le ministère de la Santé.
Cette structure, qui représente un maillon supplémentaire de la décentralisation des services d'aide spécialisés sur le plan national, se comprend en tant qu'offre à bas seuil pour usagers de drogues.
Le ministre Étienne Schneider a tout particulièrement salué «l'orientation humanitaire et déstigmatisante de l'approche préconisée par cette offre, garantissant aux usagers de drogues d'être traités avec respect et dignité».
Depuis le plan d'action national «Drogues et addictions 2005-2009», de plus en plus d'usagers de drogues illicites profitent des offres des services de réduction de risques existant à l'échelle nationale. Ceci a notamment été accompagné d'une baisse notable ces dix dernières années des décès par surdosage au Luxembourg.
En effet, depuis l'ouverture de la première salle de consommation supervisée de drogues à Luxembourg-Ville jusqu'à ce jour quelque 2.200 incidents de surdosage y ont été gérés et aucune surdose, prise en charge à l'intérieur de cette structure d'accueil, a connu une issue fatale.
Selon Étienne Schneider: «Lorsque nous essayons de réduire la consommation de drogues dans la population générale ou les conséquences négatives de l'abus de produits psychoactifs dans différents groupes cibles, nous poursuivons en réalité toujours un seul et même but, à savoir: prévenir les dommages liés à l'usage de drogues et à ses corollaires. La seule variable dans cette "Équation Préventive" est le moment auquel nous pouvons ou devons intervenir.»
Le programme de rénovation du bâtiment, acquis en 2010 par la Ville d'Esch-sur-Alzette, fait légende. L'immeuble a été rénové de fond en comble. Toutes les finitions, anciens équipements et installations ont été enlevés jusqu'à la structure portante. Le bâtiment même accueillera l'antenne eschoise de la Fondation Jugend- an Drogenhëllef et l'administration de Contact Esch. La structure pour personnes toxicomanes proprement dite est installée dans des modules préfabriqués érigés à l'arrière de la propriété. Le gros des frais de construction et de rénovation ainsi que des frais de personnel et de fonctionnement du Contact Esch sont pris en charge par le ministère de la Santé.
Suite à une série d'échanges informatifs avec les habitants du quartier et l'investissement des lieux par l'équipe encadrante, le Café-Contact, offre de jour bas-seuil, et les offres sociales y associées, seront opérationnelles très prochainement. La salle de consommation supervisée de drogues viendra compléter l'offre globale du centre Contact Esch au plus tard en septembre 2019.