
Den OGBL, déi eenzeg Gewerkschaft, déi beim Staatslabo vertrueden ass, huet e Méindeg de Moie matgedeelt, datt een en éischte Kollektivvertrag ënnerschriwwe gouf.
Fir déi 250 Salariéeë vum Staatslabo gëtt et ënnert anerem eng Upassung vun de Salairë vu 4,5 Prozent, souwéi en Alignement op d’Fonction publique an eng Prime de fin d’année, déi engem 13. Mount entsprécht an eng eemoleg Primm vu 500 Euro.