Am Ausland ginn et esou Seniore-WG'en scho méi laang, also Appartementshaiser, déi exklusiv fir den drëtten Alter reservéiert sinn.
D'Häerzstéck vum Projet zu Luerenzweiler ass en 100 Joer aalt Haus op der Haaptstrooss, direkt vis-à-vis vun der Gare. An dësem Gebai solle spéider eng Kéier d'Gemeinschaftsraim vun der WG sinn. Direkt hannen wittert dat al d’Gebai gëtt eng Residenz mat 12 Appartementer gebaut.
Et sinn ganz normal Privat Wunnengen mat eegene Kichen an Buedzëmmeren. Speziell sinn eigentlech just zwou Saachen, d'Gemeinschaftsraim, wou d'Proprietäre sech kënnen treffen, an datt d'Leit scho virum Bau an den Projet matagebonne ginn. Zum Beispill wat d’Ausschaffe vun den Pläng oder den internen Reegelen ugeet.
Et ass eng privat Initiativ, déi hannert dem Projet zu Luerenzweiler stécht. D'Wunnengenspräiser entspriechen deenen vum Marché. D'nächst Fréijoer sollen d'Aarbechten ufänken, 2022 soll d'Gebai fäerdeg sinn.