E Sonndeg de Mëtteg huet den neie Lëtzebuerger Kardinol seng Por besicht. D’Kierch San Giovanni Crisostomo läit ronn 10 Kilometer vum Vatikan ewech, am Nordosten vu Roum. D'Kierch gouf Enn de 60er Jore gebaut an läit matten an engem Wunnquartier.
Fir déi nächst Wochen ass eng feierlech Mass geplangt. An no där Zeremonie ass den Kardinol Jean-Claude Hollerich dann offiziell de Patréiner vun där Kierch.
E Samschdeg den Mëtten ass den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich am Péitersdoum vum Poopst zum Kardinol ernannt ginn. Dat a Presenz vum Grand Duc Henri, dee fir dëst Evenement an de Vatikan gereest ass.
RTL NEWS: Jean-Claude Hollerich ass éischte Lëtzebuerger Kardinol