Solidaritéitsmarsch an der StadEise Krich ass äre Krich. Eise Fridden ass äre Fridden

RTL Lëtzebuerg
Honnerte Leit waren an d'Stad komm, fir sech solidaresch mat der Ukrain ze weisen a géint dat Béist a fir de Fridden ze demonstréieren.
2 Joer Krich an der Ukrain: Solidaritéitsmarsch an der Stad
D’ASBL LUkrain an d’Asti haten zu engem Marsch opgeruff, deem honnerte Leit nokoumen.

“De Kampf vun der Ukrain ass de Kampf vun Europa. Eise Fridden ass äre Fridden”. Esou war de Solidaritéitsmarsch an der Stad iwwerschriwwen, op déi d’ASBL LUkraine an d’Asti opgeruff haten.

Honnerte Leit waren dem Opruff nokomm a sinn e Samschdeg de Mëtteg, um zweete Joresdag vum Krich, vun der Stater Gare aus bis op d’Clairfontainesplaz gezunn. Och Vertrieder aus der Lëtzebuerger Politik hate sech dem Marsch ugeschloss.

Back to Top
CIM LOGO