Et war bësse wéi den éischte Schouldag, ma et ass eng interessant Charge an op ville Plaze kann ugepaakt ginn. Dat seet den neie Mëttelstands- an Tourismus-Minister Lex Delles, de jéngste Regierungsmember war e Méindeg de Moien den Invité vun der Redaktioun.
Een Uleies vum Minister ass et fir de klengen a mëttleren Entreprisen, déi Hëllef brauchen, ënnert d'Äerm ze gräifen. Dat soll ënner anerem via den neie Plan PME geschéien.
Ee Volet vun dësem Plang betrëfft den droit d'établissement, do ass d'Zil eng Destigmatisatioun vu Faillitten. Entreprise sollen a gewësse Situatiounen eng zweet Chance kréien.
En anere groussen Défi fir vill PME'e wier d'Digitalisatioun.
Hien hätt op alle Fall d'Suerge vu verschiddene Betriber héieren a géing sech an der Regierung asetzen.
Am Tourismus wieren d'Aussiichte positiv. Elo misste verschidden nei Instrumenter wéi de „Luxembourg Convention Bureau“ ëmgesat ginn.
Eist Land hätt vill ze bidden an dat misst een och am Ausland weisen.
E Problem wier nach ëmmer bëssen deen, datt et tëschent der Stad an dem Land zum Deel grouss Ënnerscheeder géing gi bei den Zuelen.
Et wier net um Ministère fir Hotellen ze geréieren, ma et kéint een awer de Kader fir Projete setzen, fir datt eng Regioun méi interessant gëtt.
E provisoresche Tourismus-Bilan fir 2018 gesäit iwwerdeems gutt aus, sot de Minister Lex Delles.
De jonke Minister Lex Delles, zoustänneg fir de Mëttelstand an den Tourismus, war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.