Landwirtschaft vs. KlimawandelEkologesch Landwirtschaft stoppt de Klimawandel net

RTL Lëtzebuerg
D’Landwirtschaft ënnerstëtzt de Klimawandel: Dat ass d’Ausso vu verschiddene Fuerscher. Dowéinst steet se och schonn zanter Längerem an der Kritik.
© afp

Domat sinn déi traditionell Baueren natierlech net averstanen. Fakt wier, soe si a baséiere sech och op Etüden, datt och eng 100% ekologesch Landwirtschaft de Klimawandel net stoppe kéint.

Landwirtschaft vs. Klimawandel / Reportage Caroline Hermes

Well de Buedem ëmmer méi schlecht, d’Wüsten ëmmer méi grouss an d’Wieder ëmmer méi extrem ginn, géif d’Landwirtschaft virun extremen Erausfuerderunge stoen, sou heescht et am Bericht vun der IPCC, dem Intergovernmental Panel on Climate Change.

Et kéint sinn, datt dowéinst d’Iessen an den nächste Jore méi knapp géif ginn. Do muss een, seet de Pierre Tilkin vun der Bauerenzentral, differenzéieren:

"Wa mer elo ee Joer hu wéi 2018 oder 2019 ass et sécher, datt a verschidde Regioune et méi schwéier gëtt, fir déi gewinnte Recolte ze kréien. An Europa hu mer net wierklech dee Problem, mee vill méi een aneren: Mir hunn ze vill an et gëtt ze vill ewechgeheit - dat gouf nämlech och am Bericht gesot."

Den Experten no, kéint een d’Äerderwiermung nëmme bremsen, wann een un enger nohalteger a konsequent klimaschounender Landwirtschaft schaffe géif. Dat geet awer net duer. Well eleng duerch d’Ännerungen an der Landwirtschaft an am Ernierungssystem wier de Klimawandel net ze stoppen.

Aus europäescher Siicht misst een déi Klimagase reduzéieren, déi vu Mënsche gemaach ginn. A vun deene mécht d’Landwirtschaft nëmme 7% vum Total aus. Op Plaz 1 steet do d'Wirtschaftsenergie mat 38%. Eng Statistik vum Europaparlament seet iwwerdeems, datt net erkennbar ass, vu wou genee déi Emissioune kommen. Zu Lëtzebuerg sinn d’Relatioune mat Sécherheet anescht, ewéi an Däitschland - dat eleng scho wéinst dem Tanktourismus an Energieimport. Par konter wier den Undeel vun Emissiounen an der Landwirtschaft hei niddreg.

Enger anerer wëssenschaftlecher Etüd no, hätt d’Landwirtschaft zu Lëtzebuerg am Joer 2015 nëmme 6,6% vun de Gesamtemissioune vun de Klimagase produzéiert. Dovun entsti 74% duerch Déierenhaltung. Géif een déi ëm 1/3 reduzéieren, géif een och déi national Klimagasemissiounen ëm 168.000 Tonne reduzéieren. Dëst entsprécht ronn 1,7% vun den nationale mënscheproduzéierte Klimagasemissiounen an 0,003% weltwäit, also net immens vill.

Och op EU-Niveau kéint een d’Weltklima domat net retten. D’EU huet weltwäit een Undeel vun 9,9%. Stellt sech d’Fro, ob eleng mat enger honnert prozenteg ekologescher Landwirtschaft de Klimawandel net ze stoppen wier.

"Géife mer elo op "Bio-Kéi", also Béischten, déi net mat Soja, mee mat Produkter vun hei gefiddert ginn, setzen, da wieren déi besote Prozentzuelen nach ëmmer déi nämmlecht. Ob eng Kou elo "bio" gefiddert gëtt oder mat aner Produkter, déi net direkt "bio" sinn, da bleift eng Kou nach ëmmer eng Kou - egal wat se ësst.", erkläert de Pierre Tilkin weider.

De Vertrieder vun der Bauerenzentral gesäit d’Léisung vun der Klimaproblematik also net an der Ekolandwirtschaft, wierklech verwonnerlech ass dat net.

Back to Top
CIM LOGO