Standuert LëtzebuergEkonomie, Aarbechtsmaart an Zuel vun auslännesche Salariéeë wuessen

RTL Lëtzebuerg
D'Regierung ass sech awer och der sozialer Dimensioun vun der Entwécklung vun den Immobiliëpräisser bewosst.

Zanter 2013 ass d'Lëtzebuerger Ekonomie an der Moyenne ëm 3,5% d'Joer gewuess, den Aarbechtsmaart ëm 3% an d'Zuel vu Salariéeën aus dem Ausland, déi hei wunnen oder heihi geplënnert sinn, ëm 3,4%: Dat schreiwen de Finanzminister Pierre Gramegna an de Wirtschaftsminister Franz Fayot an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Sven Clement, Deputéierte vun der Piratepartei.

De Grand-Duché géif sech reegelméisseg ënnert de kompetitiivste Länner an Europa an als eent vun den attraktiivste Länner fir auslännesch Talenter klasséieren. D'Regierung wär sech der sozialer Dimensioun vun der Entwécklung vun den Immobiliëpräisser awer bewosst a gewëllt, weider Mesuren z'ergräifen, fir d'Offer u bezuelbarem Wunnraum ze stäerken, sou déi zwee Ministeren.

Back to Top
CIM LOGO