Siwen nei PetitiounenElektresch Bornen an de Betriber, méi Denkmalschutz a Stopp vu Spillautomaten

RTL Lëtzebuerg
Vun Hellegowend un dierfen um Site Petitiounen.lu siwen nei Petitiounen ënnerschriwwe ginn, dat nach bis den 3. Februar.

Eng vun de Petitiounen (2539) setzt sech dofir an, datt Spillautomaten an de Caféen a Baren, déi net zu der Loterie Nationale gehéieren, verbuede ginn. Eng aner fuerdert iwwerdeems, datt de Congé pour raisons familiales op 12 Deeg am Joer eropgesat gëtt (2540).

Fir obligatoresch elektresch Bornen an de Betriber, déi gratis genotzt kënne ginn, setzt sech dann d’Petitioun mat der Nr. 2545 an. Ëm e méi effikassen a koherenten Denkmalschutz geet et dann der Petitioun Nr. 2477.

D’Petitioun Nr. 2556 fuerdert standardiséiert Wäsch- a Reparaturstatioune fir de Vëlo, vun där et der iwwerdeems méi misste ginn. Ëm eng Augmentatioun vum Chèque-Service op 7 Euro geet et an der Petitioun Nr. 2507.

Datt Immobiliëbesëtzer a Vermieter am Fall vun zum Beispill engem Chômage besser ënnerstëtzt solle ginn, fuerdert d’Petitioun Nr. 2541.

Wann d’Petitiounen de Seuil vun 4.500 Ënnerschrëften bannent sechs Wochen iwwerschreiden, kënnt et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber.

Back to Top
CIM LOGO