Séier geläschtElektrobrand an engem Restaurant zu Feelen

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt e Brand an der Baaschtnecher Strooss zu Feelen op der Héicht vum Haus Nummer 50.
© Ketty a Rom Hankes

D’Feier war, anescht wéi am Ufank gemellt, net um éischte Stack ausgebrach, ma am Keller vun de Raimlechkeeten. Wéi et vun engem Porte-parole vun de Pompjeeën heescht, war wéinst der Dampentwécklung ugeholl ginn, dass d’Feier enzwousch anescht wier.

D’Pompjeeë waren op der Plaz an den Elektrobrand och séier geläscht.

Back to Top
CIM LOGO