Smart DSPElektronesche Patientendossier soll op rar Krankheeten opmierksam maachen

RTL Lëtzebuerg
Den elektronesche Patientendossier gëtt méi genotzt, wéi nach virun zwee Joer. Dat notéiert d'Agence e-santé.

Waren et deemools ronn 22.500 Consultatiounen de Mount, esou ginn haut eng 45.600 Persounen de Mount op d’Plattform Informatioune kucken oder eroplueden. “Déi lescht Méint huet d’Utilisatioun souwuel bei de Professionnels zougeholl, wéi och bei de Patienten, déi hire Kont notzen”, erkläert de Marc Hostert, neie President vun der Agence e-santé. “Et muss een awer och wëssen, dass haaptsächlech Leit mat chronesche Krankheeten op den DSP ginn. Dat sinn net déi gesond. Dat heescht, do muss een och eng Abstraktioun maache bei der Interpretatioun. Jiddereen huet e Compte DSP. Ob en e brauch, och well e krank ass, dat ass eng aner Fro. Ma d’Tendenze ginn op zwou Säiten no uewen.”

De Marc Hostert, President vun der Agence eSanté

Ëm wéi vill verschidde Persounen et sech bei de 45.600 Consultatioune pro Mount handelt, geet aus den Zuelen net ervir. Just datt 5.673 vu Professionellen aus dem Gesondheetssecteur gemaach goufen. Op RTL-Nofro sot d’Agence e-santé, et wäre ronn 300 Dokteren, déi mat der Plattform schaffe géifen. Bei méi wéi 2.000 Medezinner, déi am Land schaffen, bleift do nach zolidd Iwwerzeegungsaarbecht ze leeschten.

De sougenannte “smart DSP” kéint en Argument duerstellen. D’Iddi ass, datt den DSP Statistiken erstellt, déi dem Dokter bei gewësse Krankheetsbiller méi séier op d’Spuer hëllefe kënnen. Beispill Mucoviscidose. Eng rar Krankheet, déi bei 8-12 Persounen op 100.000 Awunner virkënnt. Deementspriechend laang kann et daueren, bis eng Diagnos virläit. Sollt den DSP aus dem elektronesche Patientendossier erausliesen, datt verschidde Biomarkeren op déi rar Krankheet hiweise kéinten, géif den Dokter mat enger Alerte drop opmierksam gemaach ginn.

“D’Agence e-santé mécht keng Dokteraarbecht”, betount de Marc Hostert. “Se schafft Statistiken op, fir am Sënn vum Patient a vum Dokter méi no um Problem ze sinn.”

Dokter-Rechnungen: Paiement immédiat direct ass prett - Generaliste si skeptesch

PDF: Presentatioun vum Smart DSP.

Back to Top
CIM LOGO