Dokter-RechnungenPaiement immédiat direct ass prett - Generaliste si skeptesch

RTL Lëtzebuerg
D'Software vum PID kann elo bei den Hausdokteren installéiert ginn. De Patient brauch da keng Sue méi virzestrecken.
Dokter-Rechnungen: Paiement immédiat direct ass prett - Generaliste si skeptesch
D’Software vum PID kann elo bei den Hausdokteren installéiert ginn. De Patient brauch da keng Sue méi virzestrecken.

Hie bezilt just säin Deel vun der Rechnung an d’Gesondheetskeess iwwerweist dem Dokter de Rescht.

“Et ass am Avantage vum Cabinet médical vum Assuré an domadder och vun der CNS, well déi ganz ‘Back office'-Aarbecht ewech fält an dat ganzt digital traitéiert gëtt”, ënnersträicht de Claude Haagen, Minister vun der Sécurité Sociale.

Ma d’Hausdoktere si skeptesch. Si wären am Virfeld net vun der CNS oder vum Ministère informéiert ginn, wéi de PID praktesch ofleeft a fäerte méi e groussen administrativen Opwand, erkläert den Dr. David Heck vum Cercle des médecins généralistes. Besonnesch well d’Dokteren elo eng Rechnung an zwou Etappe bezuelt kréien. Vum Patient an da vun der CNS. Si froe sech, wéi dat mat der Comptabilitéit goe wäert. An anescht wéi vum Minister behaapt, hätte si trotz PID nach ëmmer Bankfraisen op deem Deel vun der Rechnung, déi de Patient bezilt. Dat géif meeschtens iwwer Bankkaart gemaach ginn.

Den CNS-President Christian Oberlé berouegt op RTL-Nofro hin: Den Dokter kréich säi Geld direkt an och vun der Comptabilitéit hier wär et net méi Opwand. Bis Enn der Woch soll en Informatiounscourrier un d’Generaliste geschéckt ginn. Ob dësen d’Gemidder berouegt, bleift ofzewaarden.

“Fir d’CNS ass d’Aféierung vum PID eng kleng Revolutioun”, betount nach de President vun der Gesondheetskeess. Déi gesamt Informatik huet misse geännert ginn, fir dass de Paiement immédiat direct ka fonctionéieren. Vill Kontrollen, déi ee soss just hätt kënnen “am Nachhinein” maachen, kéint een elo schonn am Virfeld duerchféieren. Dovunner kéinten duerno vill Servicer profitéieren, erkläert de Christian Oberlé. Dee sech awer och bewosst ass, datt am Digitalisatiounscircuit ronderëm nach vill Aarbecht ass, fir datt d’Häerzstéck, dat de PID duerstellt, och genotzt gëtt.

“Esou wéi eng Passerelle och just fonctionéiert, wann d‘Vëlosweeër bei d’Passerelle féieren. Sou muss d’CNS elo nach déi Vëlosweeër kreéieren a se attraktiv maachen, sou dass eis Cyclisten drop fueren.”

No de Generaliste soll de PID och fir Zänndokteren an aner Spezialisten disponibel ginn.

Link: D’Schreiwes vum Ministère vun der Sécurité Sociale zu der Presentatioun vum PID a Smart DSP.

Back to Top
CIM LOGO