Fir all déi déi schonn ëmmer an de Weltall wollten, ass also elo de Moment komm. Vun e Mëttwoch un nämlech kann ee ganz offiziell kandidéieren. Wat d'Konditioune sinn a wat op déi zukünfteg Astronauten duerkënnt?
Op wat sech den zukünftegen Astronaut am meeschte freeën dierf, ass kloer. An zwar op d'Vue. Ma bis dohinner ass et fir d'Kandidaten e wäite Wee. No der ausféierlecher schrëftlecher Kandidatur op der Esa-Websäit geet et an eng Aart Auswalverfaren iwwert 5 Etappen. Dat Ganzt dauert bal 18 Méint. Iwwreg bleiwe just 4 bis 6 zukünfteg Astronauten. Fir déi geet dann den eigentlechen Training réischt lass.
Dr. Rüdiger Seine, Responsabele vun der Raumfahrtausbildung, Esa: "Wir legen die Grundlagen für all die Dinge, die man im Weltraum machen muss, das heißt wissenschaftliche Grundlagen, technische Grundlagen, operationelle Grundlagen, also wie läuft der Betrieb einer Raumstation ab. Dann kommen natürlich so spannende Sachen dazu wie die Vorbereitung auf Außeneinsätze."
Dozou gehéiert och d’Schaffe mat engem Roboteraarm an en Iwwerliewenstraining an der Keelt, wéi och am Waasser. Dono gëtt den Astronaut weider ausgebilt. Dobäi passt den Training sech och senger Aufgab un, déi en dono op senger Weltraum-Missioun erfëlle soll.
Dr. Rüdiger Seine: "Reparaturen von Geräten, die Wartung brauchen. Es gibt sehr viele wissenschaftliche Experimente, auch da macht nicht jeder jedes Experiment, sondern wir wählen schon vorher aus. Und dann natürlich wieder Weltraumspaziergänge, also Außenbordeinsätze.”
De Beruff ass also ganz divers. Dofir muss en Astronaut och e puer Saache matbréngen. Sou zum Beispill e Master an 3 Joer Beruffserfarung. Mä och dat Mënschlecht wier wichteg. Sou soll en Astronaut sech selwer gutt kennen a sozial Kompetenze matbréngen. Schliisslech kann ee vun der ISS net zeréckfléien, wéini ee wëll. Dat soll awer keen decouragéieren, sech ze mellen.
Dr. Rüdiger Seine: “Jeder, den es interessiert, sollte sich bewerben, wenn er die Anforderungen erfüllt. Es ist auf jeden Fall ein spannendes Auswahlverfahren. Jede Stufe, in die man reinkommt, wird Spaß machen und wird einen fordern.”
Zënter e Mëttwoch kann ee seng Kandidatur eraschécken. Déi éischt Bewerbungsphas leeft bis den 28. Mee.