“Kapitalismus ass ongerecht an zu Lëtzebuerg ginn dës Ongerechtegkeeten ëmmer méi grouss. Wunnengsnout, vill Leit hu keng Aarbecht, déi Jonk ëmmer manner Perspektiven. A genee dat wëlle mir änneren. Dowéinst mussen déi ëffentlech Finanzen ëmverdeelt ginn, fir datt déi Probleemer kënne geléist ginn. A fir datt dat laangfristeg méiglech ass, musse Banken an grouss Betriber vergesellschaftlecht ginn. Amplaz datt d’Profitter nëmmen an d’Täschen vun enger ganz klenger Minoritéit vu Leit fléissen.”
“Zu Rëmeleng si mer am Schäfferot mat der LSAP. Wou vill fir d’schaffend Leit an d’Rentner gemaach gouf, a wou mer hoffen, datt déi Aarbecht belount gëtt, fir datt mer se kënne weidermaachen. Zu Déifferdeng si mer am Gemengerot. Do hoffe mer, datt mer méi staark ginn. An zu Esch wëlle mer zeréck an de Gemengerot. Well mer do eng laang Traditioun hunn.”
“Jo, mat engem Beispill: Wunne mécht aarm zu Lëtzebuerg. 30-40 % vum Akommes a ville Stéit geet an d’Wunnen. Da bleift net vill iwwreg. D’Gemengen hunn do eng grouss Responsabilitéit. Soziale Wunnraum huet dowéinst Prioritéit. All d’Leit an der Gemeng misste consideréiert ginn an net nëmme gewësse Clienten, mä och déi Leit, déi net esou vill hunn. Och d’Aarmut muss bekämpft ginn. Och käschtendeckend Taxe maachen d’Leit méi aarm.”
“Absolut Prioritéit ass de soziale Wunnraum.Keng Taxen-Erhéijungen. D’Privatiséierung vun der Uewerkuerer Schwämm, vum Recycling-Haff oder och dem Diffbus musse réckgängeg gemaach ginn. Privatgesellschafte verdéngen do gutt, d’Gemeng huet awer keng Hand méi drop. Parke muss gratis ginn, d’Leit bezuele jo scho Steieren. An den ëffentlechen Transport muss ausgebaut ginn. Awer soulaang en net iwwerall funktionéiert, däerfen Automobilisten net schikanéiert ginn.”
“D’Kommunistesch Partei huet vill Memberen. Am Zentralcomité ginn d’Iddien ausgeschafft, déi ech hei vertrieden, ech si nëmmen ee vu Villen. Mir wëllen e soziaalt Lëtzebuerg, e Lëtzebuerg, dat ofrëscht, amplaz datt de Staat well eng Milliard d’Joer fir Oprëschtung ausgëtt. Mir wëllen eng friddlech Welt an dofir setze mer eis och an.”
Fannt hei weider Noriichten iwwert d’Gemengewalen an d’Kandidaten