TelevisiounEltrona iwwerhëlt Aktivitéite vun SFR-Coditel zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Domadder gëtt et strategesch Partnerschaft tëscht Eltrona an Telnet, déi bis ewell SFR-Coditel zu Lëtzebuerg verdriwwen hunn, verdéift.
https://pixabay.com/photos/tv-man-watching-room-office-3774381/
https://pixabay.com/photos/tv-man-watching-room-office-3774381/
© mohamed_hassan / Pixabay

Wéi déi belsch Entreprise Telnet weider schreift, géif d'Post, déi bis elo 34 Prozent vun der Eltrona besëtzen, dësen Deel un Telnet verkafen. Domadder géif d'Eltrona elo 50% +1 vun den Aktie besëtzen, Telnet 50% -1.

Mat dësem Schratt kann d'Eltrona sech elo um ganze Lëtzebuerger Maart etabléieren, dofir wäert SFR-Coditel awer als Mark zu Lëtzebuerg verschwannen. D'Fusioun an d'Ëmstellunge solle spéitstens den 30. Juni ofgeschloss sinn.

Déi aktuell Cliente vun der Eltrona an SFR-Coditel solle vun enger breetgefächerter an eenzegaarteger Gamme, wat d'Telekommunikatioun zu Lëtzebuerg betrëfft, kënne profitéieren, heescht et an hirem Communiqué. D'Cliente vun SFR-Coditel wäerten an noer Zukunft méi am Detail iwwert d'Demarchen informéiert ginn.

PDF: De Communiqué mat all den Detailer

Back to Top
CIM LOGO