
Am Schouljoer 2021/2022 ware vun den 32.576 Kanner tëscht 4 an 12 Joer am Fondamental 4,77 Prozent iwwergewiichteg. Am Joer 2018/2019 waren et nach 4,62 Prozent. Dat geet aus der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Dan Biancalana ervir.
Wat d’Kanner méi al ginn, wat de Risk vun enger Obesitéit méi héich gëtt. Am Schouljoer 2021/2022 waren 12 Prozent vun den 11.701 Schüler am Secondaire iwwergewiichteg. Am Joer 2019/2020 louch deen Taux nach bei 7,48 Prozent.
Bei den Erwuessene setzt sech deen Trend fort. Hei ginn déi neisten Zuelen op d’Joer 2019 zeréck, wou Donnéeën am Kader vun der European Health Interview Survey erhuewe goufen. Tëscht 2014 an 2019 ass den Taux vun den Iwwergewiichtegen Erwuessene vu 15,6 Prozent op 16,5 Prozent geklommen. Et goufen 2019 zu Lëtzebuerg och méi iwwergewiichteg Männer (18,4 Prozent) wéi iwwergewiichteg Fraen (14,6 Prozent).