
Et maachen ëmmer méi Patiente vum sougenannte Tiers payant social Gebrauch. Wéi de Minister fir sozial Sécherheet Claude Haagen dem Piratendeputéierten Sven Clement op eng parlamentaresch Fro äntwert, kruten zejoert 6.226 Assuréen direkt beim Dokter d’Contributioun vun der CNS bezuelt. 2018 waren et nach 4.757 Persounen. Deemno eng Hausse vun ëmmer 31% a fënnef Joer.
De Gros vun de Leeschtungen, déi via de System vum Tiers payant social bezuelt ginn, betrëfft Dokteschrechnunge vu Generalisten a Spezialisten. Den Ament mécht d’Gesondheetskeess den Dokteren eemol de Mount eng Iwwerweisung mat de Rechnungen, déi opstinn. An Zukunft soll dat awer iwwert den digitale Wee méi séier goen, sou de Claude Haagen. De generaliséierte “Paiement immédiat direct” fir all Patiente soll Enn dës Joers kommen. Ee geneeën Datum huet de Ressortminister rezent am RTL-Interview awer net genannt. Deen Ament géif jidderee beim Dokter vun Ufank u just nach deen Deel vun der Rechnung bezuelen, deen d’CNS net iwwerhëlt.