Hôpitaux Robert SchumanËmmer méi Personal léisst sech impfen

Pierre Jans
"Uganks war d'Skepsis, sech impfen ze loossen, beim Personal an eise Spideeler grouss", dat huet den Direkter vun de Soins vun den HRS gesot.
© AFP (Archiv)

80% vun de Salariéen an den HRS geimpft

Allerdéngs hätt een elo ganz gutt opgeholl. An tëscht wäre ronn 80 Prozent vun de Salariéë geimpft. Dat läit ënnert anerem dorun, dass een an den Hôpitaux Robert Schuman d'Chance hätt, dass eng Partie Mataarbechterinnen a Mataarbechter sech vill Méi géifen maachen, hir skeptesch Kolleegen iwwer d'Virdeeler vun enger Vaccinatioun z'informéieren.

"Bei deenen engen natierlech méi ewéi bei deenen aneren. Bei den Dokteren sinn der ganz vill geimpft. Bei de Soignanten hu mir dann och en Taux, dee bëssen iwwer 80 Prozent läit. Am Ganze si mir da bei 80 Prozent. Mir hu ganz ganz niddreg ugefaangen, bei 55 Prozent, bei der éischter Impfcampagne intern am Haus. Dat hu mir no an no verbessert, well mir d’Leit sensibiliséiert a motivéiert hunn. Et kommen och nach Leit no. Et ginn aktuell Campagnë vum Ministère. Do schreiwen nach vill Leit sech an, fir sech impfen ze loossen."

De Christian Kirwel

De Christian Kirwel ass och frou, dass de Spidolsgrupp Mataarbechter a senge Reien huet, déi sech no an no zu richtege Bezuchspersoune fir Leit, déi Froen iwwer d’Impfung hunn, entwéckelt hunn. Och iwwer deen tëschemënschleche Wee kéint den Taux vu vaccinéierte Salariéeën erhéicht ginn, esou den Directeur des soins vun den HRS.

Den Dr. Gérard Schockmel nennt se ''Championen''. Infirmièren, déi net de Mond halen, wann Aarbechtskolleege gréisser Zweiwel hunn, sech géint de Coronavirus impfen ze loossen. Déi sech Zäit huelen, fir z'erklären. Ëmmer nees. D'Constance Chollet ass esou eng Infirmière. Si huet sëllegen Kolleege gepickt. Anerer refuséieren d'Sprëtz."Jo mir hu Leit, déi nach wëllen ofwaarde mam Impfen. Si hunn nach Zweiwel wéinst den Niewewierkungen."

Jo, de Vaccin kann Niewewierkunge mat sech bréngen, weess och d'Kathy Sinnave. Och si ass Infirmière am Spidolsgrupp Robert Schuman. Ma déi desagreabel Effekter no der Impfung stéingen a kengem Verhältnis zu enger richteger Covid-Erkrankung. Skeptiker géintiwwer gräift d'Infirmière dann och heiansdo op déi haart Argumenter zeréck:

"Net méi spéit ewéi virun zwou Wochen ass e Kolleeg vu mir bannent 4 Deeg u Covid gestuerwen. Hien hat 56 Joer. Ech hunn e konkret Beispill fir ze zielen, wéi dramatesch d Krankheet leider ka verlafen."

HRS-Personal léisst sech impfen / Rep. Pierre Jans

Grouss Impfskepsis bei de Soignanten

Den Dr. Gérard Schockmel fënnt et interessant, dass grad am Beruff vun de Soinsen d'Skepsis géint eng Impfung esou grouss ass:

"Dacks ass et eng ganz 'Weltanschauung'. Och wou eng sozialiséiert ginn ass, spillt eng wichteg Roll. Mir hu jo vill Frontalieren. Déi hu ganz aner Sozialisatiounen. Déi liewen net onbedéngt zu Lëtzebuerg. Et ass och esou, dass d'Leit vill Vertrauen hunn a Leit, déi se gutt kennen. Dacks gleewe si deene méi ewéi engem Expert. An da kommen d'sozial Reseauen nach dobäi."

Op deenen och eng Partie Impfgéigner den Trick eraus hunn, den Zweiwel bei Persounen, déi zécken, ze verstäerken. Déi wéinegst Soignanten hätten awer prinzipiell eppes géint d'Impfung, seet den Dr. Schockmel. Se hätten awer vill Froen a géifen him deels och uruffen, fir Äntwerten ze kréien. Fir de Spezialist fir Infektiounskrankheete kënnt d'Spidolspersonal u sech net laanscht eng Impfung.

"Mir hunn elo eng gewëssen Zäit gepackt a mir wäerten och weider den Dialog sichen. Mir wëllen och virukommen. Och wa mir elo am Schnëtt bei 80 Prozent sinn."

D'Impfung géif Mënscheliewe retten, seet de Spezialist fir Infektiounskrankheeten. Net nëmmen d'Liewe vun de Patienten, mä eben och vun de Leit, déi an de Klinicke schaffen. An den USA ginn et scho Spideeler an Universitéiten, an déi een ouni Impfung keen Accès méi huet. Et wär dem Dr. Schockmel no ëmmer méi schwéier ze justifiéieren, dass een do d'Léngt ze laang léisst.

Net geimpfte Salariéeën op en anere Poste versetzen, kënnt fir den Directeur des soins Christian Kirwel aktuell awer net a Fro. Wann déi legal Basis dofir awer bis gi wär, géif een och am Spidolsgrupp HRS doriwwer diskutéieren. Aktuell gëtt d’Personal, dat net geimpft ass, reegelméisseg op de Coronavirus getest.

CHL: Neien Job am Gesondheetsberuff nëmme mat Covid-Impfung

Am Centre Hospitalier Luxembourg, dem CHL, soll all neie Mataarbechter géint de Covid geimpft sinn, dat ënnersträicht de Generaldirekter, den Dokter Romain Nati. Esou soll dee beschte Schutz fir d’Patiente garantéiert ginn.

D'LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert sot de Moie bei enger Pressekonferenz datt, d’Santé sech nach net zu dësem Sujet positionéiert hätt. Et kéint ee sech awer virstellen, eng Recommandatioun erauszeginn, dass nei Mataarbechter kontrolléiert solle ginn. Et kéint een an dësem Fall awer net vun enger Impfflicht schwätzen, wëll déi Fuerderung net opgrond vun engem Gesetz applizéiert géing ginn, mee eben iwwert d’Aarbechtsverträg. Bei engem neie Kontrakt hätt jo och jiddereen d’Méiglechkeet ofzeleenen.

Paulette Lenert iwwer Impfung am Santésecteur
D'LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert sot de Moie bei enger Pressekonferenz datt, d’Santé sech nach net zu dësem Sujet positionéiert hätt.

Och de Romain Nati seet, den Term Impfflicht wier hei dee richtegen. Eng gefuerdert Impfung wier och net am Vertrag gereegelt, mee ier dëse kéint ënnerschriwwe ginn, géing hien en Covid-Impf-Noweis froen.

Déi ronn 1.800 Leit, déi am CHL schaffen, géinge gutt matmaachen. Iwwert de CovidCheck, deen an de Spideeler misst applizéiert ginn, wéisst een, dass all d’Doktere géint de Covid geimpft sinn. Vum Gesondheetspersonal sinn et eng 83 Prozent plus nach ongeféier 3 Prozent, déi en Zertifikat hätten, well se rezent de Covid haten. Et soll elo weider sensibiliséiert an d’Mataarbechter gefrot ginn, wisou si sech net wëllen impfe loossen. Do wiere jo och Leit dobäi, déi sech aus medezinesche Grënn net impfe kéinte loossen.

Den Ament lafen Iwwerleeungen, ob et méiglech ass, dass déi net geimpfte Leit dann aner Tâchen zougewise kréien, wou si net am direkte Kontakt mat de Patiente kommen.

Dass d’Gesondheetspersonal an d'Doktere musse verschidden Impfungen hunn, fir hire Beruff auszeüben, ass awer elo schonn eng Realitéit. Den Aarbechtsdokter kuckt zum Beispill, ob bestëmmten Impfunge virleien, fir dass ka gesot ginn, dass d'Persoun sech fir de Posten eegent.

Back to Top
CIM LOGO