François Bausch reagéiertEmployéeë vun TICE musse sech "keng Suerge maachen"

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'Personaldelegatioun vum TICE matgedeelt huet, datt d'Konventioun mam Staat net méi verlängert géing ginn, huet de Mobilitéitsminister reagéiert.
Employéeë vum TICE musse sech "keng Suerge" maachen
Nodeems d’Personaldelegatioun vum TICE matgedeelt huet, datt d’Konventioun mam Staat net méi verlängert géing ginn, huet de Mobilitéitsminister reagéiert.

Beim ëffentleche Bus-Reseau TICE am Süde vum Land mussen d’Employéeë sech “keng Suerge maachen”. Dat huet de Mobilitéitsminister an engem Communiqué en Donneschdeg de Moien deklaréiert. Dat nodeems d’Personaldelegatioun vum TICE op den Online-Reseaue matgedeelt huet, datt d’Konventioun tëscht dem Staat an dem TICE no 2024 net méi géing verlängert ginn a Buslinnen – an deemno Plazen - géingen ofgebaut ginn. De François Bausch huet am RTL-Interview garantéiert: “D’Zil ass net, iergendeen ofzebauen” a “mir ginn duerno méi Suen aus an net manner”.

Et wier awer un der nächster Regierung, fir eng nei Konventioun ze verhandelen. Aktuell gesäit de Staatsbudget all Joer 36.650.000 Euro fir den TICE vir. De François Bausch sot eis: “Mir si souwisou schonn iwwert deene 35 Milliounen!”. Do géing een d’Komplexitéit gesinn: vu 40 Milliounen Euro muss e Finanzéierungsgesetz gestëmmt ginn. Hie kéint aktuell nëmme soen: “D’Regierung garantéiert, datt fir dëst Joer a fir d’nächst Joer (...) d’Sue garantéiert sinn an d’Linne gefuer ginn ewéi gehabt an da muss déi nächst Regierung kucken, ob se dee Plang, deen ech ausschaffe gelooss hunn, wëll weiderféieren oder net”.

Wann et dem François Bausch no geet, misst d’Offer vum ëffentlechen Transport “massiv” ausgebaut ginn, “am Interêt vun den Awunnerinnen an Awunner am Süden”. Den Analyse vum nationale Mobilitéitsplang 2035 no missten d’CFL, den RGTR, Luxtram an den TICE zesumme 70.000 zousätzlech Deplacementer kënne stemmen. D’Fro ass: wéi gëtt déi Aufgab opgedeelt tëscht TICE an RGTR, dee mat den CFL a private Busfirme fiert? De Minister seet, datt effektiv den RGTR en Deel vun de Linnen iwwerhuele kéint, beispillsweis déi, déi iwwert d’Grenz erausginn an déi den TICE souwisou net dierf maachen. De Minister gesäit do kee Versuch fir ze spueren – well beim TICE d’Konditioune fir d’Salariéë besser sinn ewéi a private Betriber. Hie gesäit am Géigendeel d’Méiglechkeet fir den TICE, “fir aner Saachen ze fueren”. Dee géing an Zukunft d’Quartieren an den Uertschaften am Süde bedéngen an d’Pôles d’Echange matenee verbannen.

Riskéiere Mataarbechter vum TICE oder nei Agestallter keng méi schlecht Konditioune bei dëser Reorganisatioun? Fir d’Aarbechtskonditioune beim TICE wier hien net responsabel, sou de François Bausch. Wéi kann hien da garantéieren, datt et keng Verschlechterunge fir d’Salariéë gëtt? Hie seet, datt wa beispillsweis 5 Leit mussen “iwwerholl” ginn, da géing de Staat “dofir suergen, datt kengem Mënsch eppes geschitt a keen eppes verléiert”. Wie wou agestallt gëtt, dat wier awer “autonomie communale”.

D’Konventioun, déi net public ass, hätt souwisou misse gekënnegt ginn, huet de Minister nach deklaréiert. Dat wëll dës Konventioun deels un d’Kontrakter vum aneren ëffentlechen an nationale Reseau RGTR gebonnen ass. An déi wieren net méi a Kraaft, well eng europäesch Ausschreiwung huet misse gemaach ginn. Géing een déi nei Tariffer applizéieren, géing d’staatlech Enveloppe fir d’Gemenge souguer nach erofgoen. Hien ënnersträicht awer och, datt déi aktuell Konventioun mam TICE bis Enn 2024 weiderleeft.

De François Bausch erkläert weider, datt Verhandlungen iwwert eng nei Konventioun schonn ugefaangen hunn. Wann den neie Verwaltungsrot vum TICE elo zesummegesat gëtt, fir de Gemengewale Rechnung ze droen, ginn dës Verhandlunge weider.

RTL-News: Verschidde Subventiounen net verlängert: Personaldelegatioun vu Bus-Syndicat TICE ëm Aarbechtsplaze besuergt
Link: D’Schreiwes vum Mobilitéitsministère no den Affirmatioune vun der Personaldelegatioun vum TICE.

Back to Top
CIM LOGO