Et rumouert nawell ferme beim Personal vum Bus-Syndicat TICE am Süden. De Mobilitéitsministère soll no 2024 verschidde Linnen net méi subventionéieren.

Op soziale Medien ass e Mëttwoch e Schreiwes vun der Personaldelegatioun zirkuléiert, an deem ze liesen ass, dass de Mobilitéitsministère verschidde Linne vum TICE no 2024 net méi géif subventionéieren. Dat hätt grav Konsequenzen, well déi affiliéiert Gemengen déi komplett Käschten net kéinte stäipen. Dofir hätt een eng Entrevue mam Ministère ugefrot, schreift d'Delegatioun, déi ëm d'Zukunft vun Aarbechtsplazen a souguer ëm déi vum ganzen TICE besuergt ass. Politesch suergt dat Ganzt och fir Roserei, souwuel bei Vertrieder vu Majoritéitsparteien, wéi och der Oppositioun. Den LSAP-Deputéierten Dan Kersch beispillsweis schreift op Facebook, dass mat erbattertem Widderstand ze rechne wier, sollt de Geldkrunn effektiv zougedréint ginn. Seng Parteipresidentin Francine Closener stäipt him de Réck.

De Käerjenger Député-maire Michel Wolter huet e Video gepost, an deem hien der Personaldelegatioun säi Support ausschwätzt. Et wier een net bereet, alles iwwert sech ergoen ze loossen.

Déi geplangten Net-Verlängerung vun de Subventioune kéim awer net vu Muttwëll, huet den TICE-Direkter Mike Schooss iwwerdeems dem Tageblatt géintiwwer erkläert. Et wier d'Virgab vun enger EU-Direktiv, déi beseet, dass Buslinnen anescht mussen ausgeschriwwe ginn.