LuxtrustËmsaz vun 12,4 Milliounen Euro am Joer 2018

RTL Lëtzebuerg
Fir Luxtrust ass dat eng Hausse vu 16 Prozent par rapport zum Joer 2017.

D'Firma huet an Tëschenzäit 700.000 Utilisateuren zu Lëtzebuerg, de Gros vun hinne schafft mam Token, och wann d’App ëmmer méi populär soll ginn.

Een neie Service ass COSI, eng Plattform fir elektronesch Signaturen.

Eng ganz Rei grouss Entreprisen hu schonn e Kontrakt mat Luxtrust ënnerschriwwen, dorënner zum Beispill d’Post an den nationale Gesondheetslaboratoire.

Déi Responsabel hu sech fir dëst Joer als Zil gesat en Ëmsaz vu 14 Milliounen Euro.

Back to Top
CIM LOGO