Leit, déi also nach keng drëtt Impfung kruten mussen och nach ee Schnelltest maachen. Ma wéi goufen déi nei Mesuren iwwerhaapt vum Secteur opgeholl?
Am grousse Ganze wieren déi nei Mesurë gutt opgeholl gi vum Horeca-Secteur. Et géing een awer och Komplikatiounen an der Ëmsetzung gesinn. Si stéiere sech virun allem un der Spärstonn, déi vun 23 Auer u gëllt. De Generalsekretär vun der Horesca François Koepp:
“Mir hate jo scho lescht Kéier gesot, dass 23 Auer net ganz gutt ass an dass mer do gären eng Léisung fannen. A wa mer da gären der Saach hei schnell wëllen Här ginn, da mécht dat kee Sënn. Um 23 Auer ginn nach immens vill Leit mat eraus an da gëtt gesot, hei komm mer ginn nach bei mech e Patt huelen an da kënnt nach e Kolleeg bäi an nach een. Do ass keng Kontroll méi. Par konter wa mer bis 24 Auer opgelooss hätten, da si vill manner Leit bereet, fir nach e Patt mat huelen ze goen, da gi se éischter gären heem an da wier dat eriwwer gewiescht.”
Zanter e Samschdeg gëllt och den 2G an de Restauranten. Dat gëllt awer och just fir Leit, déi scho geboostert goufen. Fir déi Leit, déi nach keng drëtt Impfung kruten, gëllt den 2G+, dat heescht nieft der Impfung muss een och nach ee Schnelltest maachen. Dat wier awer net bei all Gaascht ganz gutt ukomm. De Restaurateur Mil Calmes:
“Déi meescht hu sech awer beschwéiert - vun deenen, déi mer hu missen testen - datt se keng Geleeënheet hate sech boosteren ze loossen oder datt se net bäikomm sinn, fir dat ze maachen. Generell sinn déi Leit, déi am 2G leien a nach net geboostert gi sinn, do ass de Wëllen awer do fir sech boosteren ze loossen, mä se sinn net geboostert, well se net bäikomm sinn.”
Den Horeca-Secteur huet sech och iwwerrascht gewisen, dass lo rëm Antigen-Schnelltester solle benotzt ginn, de François Koepp: “Mir hunn d’lescht Joer am November gesot krut, dass d’Schnelltester näischt daachen, lo féiere mer se rëm flächendeckend an. Dat heescht de Secteur spillt am Fong Large Scale Testing fir de ganze Staat. Wat mer och ganz gäre maachen. Haaptsaach mer bleiwen op, dat ass jo eng vun eise Revendicatioune gewiescht.”
Per Bréif géingen d’Betriber rëm Bonge kréien, fir kënne Schnelltester sichen ze goen. Och d’Kontrolle si bis lo net ouni Problemer ofgelaf. Sou huet d’CovidCheck-App bis e Méindeg net ugewisen op een iwwerhaapt geboostert ass. Dës krut awer lo een Update an da wäert et och méiglech sinn d’CovidCheck-Zertifikater op den 2G+ hin ze iwwerpréiwen.