Usprooch vum Grand-DucËmwelt a militäresch Konflikter uechter d'Welt am Fokus

RTL Lëtzebuerg
A senger traditioneller Ried fir Chrëschtdag huet de Grand-Duc Henri vun engem spezielle Joer geschwat.
Usprooch vum Grand-Duc
A senger traditioneller Ried fir Chrëschtdag huet de Grand-Duc Henri vun engem spezielle Joer geschwat.

D’Usprooch op Hellegowend vum Grand-Duc Henri

De Grand-Duc geet virop op d’Ëmwelt an, déi ënner groussem Drock géif stoen a bedauert, datt et keng besser Resultater op der Weltklimakonferenz de leschte Mount an Ägypten gouf. Datt keng Fortschrëtter gemaach goufen, fir d’CO2-Emissiounen ze reduzéieren oder aus de fossillen Energien erauszeklammen.

En anere Sujet an der Ried vum Staatschef sinn déi militäresch Konflikter uechter d’Welt, virop de Krich an der Ukrain an déi Millioune Leit, déi op der Sich no enger sécherer Heemecht sinn. Dëse brutalen Invasiounskrich stellt alles a Fro, wourop een zanter 1945 als friddlech Koexistenz opgebaut huet: “Konflikter duerch Dialog ze léisen an net duerch Gewalt”.

Extrait Grand-Duc iwwert de Krich

Gläichzäiteg géif ee gesinn, wéi am Iran an am Afghanistan Fraen a Meedercher weider ouni Récksiicht ënnerdréckt, mësshandelt an esouguer ëmbruecht ginn. Dëse Meedercher a Fraen ze hëllefen, léichen him an der Grande-Duchesse ganz besonnesch um Häerz.

De Grand-Duc Henri ernimmt a senger Ried awer och déi Leit hei am Land, déi finanzielle Misär hunn. Vill Persoune riskéieren an d’Aarmut ze falen. Déi aktuell Situatioun géing et fir d’Mënschen ëmmer méi schwéier maachen, iwwer d’Ronnen ze kommen a si brauche weider Ënnerstëtzung.

Extrait Grand-Duc iwwer de finazielle Misär

Mir sinn “eng fortschrëttlech Natioun, déi op Respekt baut”, ënnersträicht de Grand-Duc an hie wier iwwerzeegt, datt jiddereen zu Lëtzebuerg sech weider géif dofir asetzen, eise Gesellschaftsmodell oprecht z’erhalen. Dat wiere mer net just eis, mä och deenen nächste Generatioune schëlleg.

Seelen, seet de Grand-Duc Henri, hätte mer eng Situatioun gehat, wou esou vill Entwécklungen, déi engem Suerge maachen, zesummekomm wieren - an awer weist hie sech optimistesch.

“Ech sinn trotz allem iwwerzeegt, no all deene Joren, déi ech dësem Land als Staatschef gedéngt hunn, datt Lëtzebuerg déi néideg Kapazitéiten huet, dës komplizéiert Zäiten ze meeschteren. Aus Erfarung wësse mer, datt mir d’Fäegkeet hunn, eis Stäerkten ze notzen, fir eis enger neier Situatioun unzepassen.”

Hie lueft Lëtzebuerg als fortschrëttlech Natioun, déi op Respekt baut.

“Respekt fir eis Matmënschen, fir déi universal Wäerter a fir eis Ëmwelt. Dat si keng eidel Wierder, keng al Klischeeën, mä d’Grondwäerter op déi eis Existenz an eis Zukunft berout. Wa mir et fäerdeg bréngen, dës Astellung och iwwert eis Grenzen eraus ze vermëttelen, dann hu mer e konkreten a wichtege Bäitrag geleescht fir méi eng mënschlech Welt.”

Mir wëssen net, wat dat anert Joer geschitt, esou de Staatschef. Hie wier sech awer sécher, datt mir all eis dofir asetzen, eise Gesellschaftsmodell oprecht z’erhalen.

Usprooch vum Grand-Duc (mat Gebäerdesprooch)
A senger traditioneller Ried fir Chrëschtdag huet de Grand-Duc Henri vun engem spezielle Joer geschwat.

PDF: D'Usprooch vum Grand-Duc op Hëllegowend op Lëtzebuergesch

Back to Top
CIM LOGO