Besser Prise en charge vum PatientEn Abléck an deen neie Fligel vun der Zithaklinik

RTL Lëtzebuerg
Pünktlech mat der Arrivée vum Tram op der Gare gouf Mëtt Dezember och deen neie Fligel vun der Zithaklinik op der Antwerpener Strooss fäerdeg.
En Abléck an deen neie Fligel vun der Zithaklinik
Pünktlech mat der Arrivée vum Tram op der Gare gouf Mëtt Dezember och deen neie Fligel vun der Zithaklinik op der Antwerpener Strooss fäerdeg.

A sou wéi den Tram fir eng besser Vernetzung an e besseren Accès vun de Leit suerge soll, sollen d‘Patiente sech och am neie Spidol besser erëmfannen. D’Fluxe vu gesonden a kranke Patiente goufen esouwäit wéi méiglech getrennt.

Mam neie Gebai vun der Zithaklinik gouf och hir Entrée an d’Antwerpener Strooss verluecht. Den Ëm- an Ausbau huet 8 Joer gedauert a méi wéi 70 Milliounen Euro kascht. D’Infrastruktur steet fir méi Confort an eng besser Prise en charge vum Patient. E konkret Beispill ass hei d‘Dagesklinik. Wou Patiente mat spezifeschen Immunkrankheeten ambulant mat Biotherapië behandelt ginn. Et sti méi Kabinnen zur Verfügung, ma d’Iwwerwaachung vun de Patiente wier och besser, dank neien technesche Moyenen.

D’Zithaklinik behält weiderhin hir 200 Better, ma am neien Deel huet elo all Zëmmer een eegent Buedzëmmer, eng Toilette a méi Plaz. Et ginn och vereenzelt VIP-Zëmmeren.

Déi nei Chirurgie iwwerdeems krut 1.000 Quadratmeter Plaz bäi, gouf moderniséiert a soll och an den nächste Wochen a Betrib geholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO