Zanterhier huet et sech ausgebreet op de ganze Cycle 4, mat der Ënnerstëtzung vum David Marth. Zil ass et, de Kanner d’Natur méi nozebréngen a si gläichzäiteg op Nohaltegkeet an hir Ëmwelt ze sensibiliséieren.
Ugefaangen huet dat Ganzt mat puer Hénger, déi elo an engem selwer gebaute Stall um Bauerenhaff niewent der Schoul wunnen. An der Tëschenzäit koumen do nach Geessen, Fësch a puer Beiestäck dobäi.
Normalerweis kommen d’Kanner all Dag ofwiesselend no den Déiere kucken. Wärend dem éischte Confinement haten hiren Enseignant Jacques Kass an de Bauer dat mussen iwwerhuelen. An der Tëschenzäit sinn d’Schüler awer rëm selwer um Wierk.
Obschonns nëmmen de Cycle 4 kann an d’Natur AG kommen, schéngt Nohaltegkeet awer e Cycle-iwwergräifend Thema an der Regionalschoul ze sinn. Sou hat d’lescht Joer de Cycle 3 zum Beispill e Projet lancéiert, bei deem et drëms gaangen ass, e Klassesall ganz ouni Plastik anzeriichten.
Donieft probéiere si den Ament och de Pabeierverbrauch vun der ganzer Schoul an deem kommende Joer ëm 25% ze kierzen. Wärend der Pandemie ass hire Verbrauch bis elo ëm 50% erofgaangen, e Progrès, dee si hoffen, wäitleefeg bäizebehalen.