Op eise StroossenEn däitlech ze séieren Automobilist an eng Course-Poursuitte ëm Sandweiler

RTL Lëtzebuerg
Weider mellt d'Police, datt e Motocyclist bei Wolz gefall war an dat ee bei enger Alkoholkontroll 10 Automobilisten erwëscht hat.
© Laurent Weber / RTL

Op der Escher A4 hunn d’Beamte vun der Police op der Héicht vun der Pompelstatioun “Pont-Pierre” bei enger Vitesskontroll en Automobilist geblëtzt, deen hei kuerz virun 3 Auer e Samschdeg de Moie mat 211 Kilometer an der Stonn a Richtung Stad ënnerwee war, amplaz déi erlaabt 130. Op der Héicht vu Leideleng konnt d’Beamten dunn opschléissen, d’Gefier unhalen an de Permis anzéien. Donieft gouf och nach e Protokoll ausgestallt.

Am Kader vum Speedmarathon zu Sandweiler wollt e Motocyclist e Freideg kuerz viru Mëtternuecht awer net vun der Police ugehale ginn. Hien huet Demi-Tour gemaach a wollt sech duerch d’Bascht maachen. Dobäi ass de Beamten opgefall, datt d’Nummereschëld vum Gefier esou no uewe gebéit war, datt een et net méi liese konnt. D’Poliziste sinn dowéinst dem Chauffer nogefuer. Dësen huet probéiert, fir fortzekommen, a war zum Deel mat iwwer 200 Stonnekilometer ënnerwee an huet méi wéi eng Kéier op e geféierlecht Manöver missten zeréckgräifen. Bei deem leschte vun deene Manöver ass de Motorradsfuerer du gefall an de Policewon krut d’Gefier vum Mann liicht ze paken. De Mann blouf awer onverletzt a gouf vun de Poliziste festgeholl. Ermëttlunge lafen, fir ze klären, wisou de mann iwwerhaapt vun der Police fortfuere wollt. Protokoll géint de Mann gëtt erstallt an d’Gefier, wat divers Mängel opgewisen huet, gouf saiséiert.

Blesséiert gouf dunn e Motocyclist géint 16.20 Auer e Freideg tëscht Wolz an der Kautebaach. De Mann hat d’Kontroll iwwer säin Gefier verluer a war gefall. De Moto blouf an de Leitplanken hänken, ma de Chauffer selwer war de Rampli erofgaangen. Dobäi huet hie sech den Aarm gebrach an sech eng Blessur um Knéi zougezunn. Mat de Rettungsdéngschter koum hien an d’Spidol.

Am Bulletin vun der Police gëtt dann nach eng vum Parquet ordonnéiert Alkoholkontroll opgelëscht, datt tëscht 21 an 2 Auer an der Nuecht op e Samschdeg zu Bettenduerf, Tandel an Angelduerf. Hei goufen 291 Automobiliste kontrolléiert, vun deenen der 10 ze vill Alkohol am Blutt haten. Sechs Mol blouf et bei engem Procès-verbal a véier Mol gouf et en Avertissement taxé, hire Permis konnte si awer all halen.

Géint 2.50 Auer mellt d’Police dann nach en Abroch op eng Bensinnsstatioun op der Houschter-Déckt. Dräi Onéierlecher hate sech hei iwwert eng Säitendier Zougang verschaaft an hunn eng gréisser Quantitéit un Zigarette geklaut. Domadder si se an de Bësch hannert de Tankstell geflücht. Obwuel d’Police direkt no hinne gesicht huet, konnte si net erëmfonnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO