CGDISEn Dënschdeg de Moie goufen 2 Persounen ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Tëscht 7.30 an 7.50 Auer goufen op de Lëtzebuerger Stroossen 2 Persounen ugestouss. Eemol zu Luerenzweiler an eemol zu Mamer.

Zu Luerenzweiler gouf op der route de Luxembourg eng Persoun vun engem Auto ugestouss. Eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Lëntgen, grad ewéi d'Pompjeeë vu Luerenzweiler.

Zu Mamer gouf géint 7.50 Auer eng Persoun op der route d'Arlon ugestouss a blesséiert. D'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Mamer waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO