
“Objectif 2028" nennt d’ACEL deen Dossier. D’Politiker kruten e Questionnaire mat den 42 Froen zu 11 verschiddene Sujeten.
“Do si Sujete behandelt wéi d’Studéieren, Studentewunnengen, d’Bourse, d’Studentefoire, den Accès op d’Unien, d’Stagegesetz, d’Ongläichheet an der EU, verbesserten ëffentlechen Transport, d’uni.lu a Belval, eng Steiererklärung wärend dem Studium an ee Schluss, wou mir dat alles bëssen zesummefaassen”, sou de Charel Donven, Vize-President vun der ACEL.
Weider goufe vun der ACEL nach 3 verschidde Guidë presentéiert, déi de Studenten a Studentinnen an hirer jeeweileger Situatioun hëllefe sollen. D’Christine Lenertz vun der Studentenassociatioun erkläert:
“Am GFE, dem ‘Guide des futurs étudiants’ ass et am Fong, dass dee Länner-spezifesch opgebaut ass. Dat heescht, mir hunn 9 Länner, déi do representéiert sinn. Wéi eng Unie ginn et an der Stad? Wéi kann ech mech bewerben? Wat sinn d’Bewerbungsfristen? Wat kascht dat ongeféier alles? An dann hu mir de Studenteguide. Deen ass dann am Fong méi fir wärend dem Studium, dat heescht esou Problemer, wou Studenten eventuell kéinte kréien. Zum Beispill d’Rundfunkgebühre vun der GIS an Éisträich. An dann de ‘Guide de futur diplomé’ ass am Fong da fir nom Studium, dat heescht wann ee fäerdeg ass mat studéieren, wann ee wëll an d’Aarbechtswelt goen, fir sech ze informéieren iwwert déi Saachen, déi ee muss wëssen.”
Fir d’Studenten zu Lëtzebuerg méi ze ënnerstëtzen, huet d’Studentenassociatioun en neie Cercle gegrënnt, den LSL, wat fir “Lëtzebuerger Studenten zu Lëtzebuerg” steet.
“Dat heescht, dat regroupéiert net just Studenten op der uni.lu, mä am Fong am grousse ganzen d’Studenten, déi zu Lëtzebuerg studéieren, dat heescht och op der Lunex, mee awer och Lëtzebuerger, déi nach Doheem wunnen awer ee Fernstudium maachen. Dat heescht am Fong alleguer déi Leit, déi studéieren, déi nach zu Lëtzebuerg sinn, ob op der Uni oder am Fernstudium, kënnen do Member ginn”, sou d’ACEL-Presidentin Ann Bertemes.
D’ACEL verlaangt nach eng Upassung vun der Bourse, sou datt d’Studenten net méi sou laang op d’Indextranche waarde mussen.