"D’Avions-Hal ass 55 Meter laang, 45 Meter breet, dat Ganzt ass opgedeelt an 2 Atelieren, déi dann, all Kéiers, 45 Meter laang sinn.” Esou stoung et 1951 an der Nummer 21 vun der Revue. Zitéiert gëtt hei den Emile Nennig, Lëtzebuerger Ingenieur, a responsabel fir de Bau vum éischte Fligerhangar fir d’Luxair.
A bis elo och leschten, well d’Luxair léist och haut nach hir Flott an der bal 70 Joer aler Hal Nennig kontrolléieren. An obschonns d’Sécherheetscritèren 100% erfëllt wieren, ginn déi Responsabel zou, dass en neien Hangar net vu Muttwëll wier. Déi nei Pläng si gezeechent an deemnächst gëtt gebaut.
Den Emile Nennig hat fir de Bau vun der Hal op déi deemools nei Methode vum "Béton précontraint" zréckgegraff, also op Bëtong, dee bannen am Goss, duerch Stole-Seeler, zesummegehale gëtt. Et ass dee grousse Bou, deen dësen Objet esou speziell mécht an zënter September 2018 steet d’Hal Nennig um Ale Findel dann elo ënner Denkmalschutz. An dat heescht, dass se schonn emol net wäert ofgerappt ginn...
Op kee Fall, well se steet ënner nationalem Denkmalschutz. Dass keen un den ale Luxairs-Hangar krazen oder rappe geet, dofir suergt den Ament eng Damm déi, wann néideg, net just streng kucken kann. Bis elo wier eng Reaffektatioun vun der Hal Nennig keen Thema, seet d’Kulturministesch, kéim et awer, reng hypothetesch, zu esou enger Diskussioun, misst d’Saach genee analyséiert ginn, seet d’Sam Tanson.
“Éischtens emol, wat d’Gebai u sech hiergëtt. Esouwäit ech weess, ass et net an engem ganz gudden Zoustand. Dat heescht, et misst egal wéi restauréiert ginn. Wann de Proprietär et net méi wëll, muss ee kucken, ob een et an deem Areal, wou et sech befënnt, wat jo awer e Flughafen ass, kann opmaache fir de Public, an ënnert wéi enge Konditiounen. Wann de Proprietär et wëllt halen, an Transformatioune maachen, da geschitt dat wéi bei all klasséiertem Gebai zesumme mat Sites et Monuments.”
Nach eng Kéier. Mir sinn hei an enger reng hypothetescher Diskussioun, dat weess och de Luxairs-Direkter Gilles Feith, deen eis d 'Pläng vun deem neien Hangar weist, deen de Proprietär, also Luxairport, wäert opriichten, hanne bei der Cargolux Maintenance.
Alles schéin a gutt, a wichteg fir d’Flott, sou de Gilles Feith, deen awer och un d’Valeur, also déi historesch, vun der Hal Nennig denkt.
“Ech als Lëtzebuerger si frou, wann déi Hal hei, déi jo awer eng Geschicht huet, eng aner Verwäertung kritt. Fir eis gehéiert se e bëssen zu eiser DNA an et si ganz vill Leit, déi hunn hei awer grouss Attachen. Mir konnten elo rezent mat engem schéine rockegen a moderne Video weisen, dass een och hei ka flott Saache maachen. Et ass ëmmer schued wann e Bauwierk net méi genotzt gëtt. An da kënnt et och séier an e Stadium, deen net méi gutt ass. Dat heescht, ech ka mer hei vill Saache virstellen. Hei kann een och Fligere maintenéieren. Wann et genotzt gëtt, da bleift et och erhalen. An dat ass ëmmer eng gutt Saach!”, esou de Gilles Feith.
“D’Rockhal huet elo ganz vill op dat Digitaalt gesat, iwwer déi lescht Méint an do haten se sech d’Zil gesat, insolite Plazen erauszesichen, fir dann do mat Bands Saachen opzehuelen. Da war dat dote vläicht ee Lieu dovunner" mengt d'Ministesch Sam Tanson.
An eiser hypothetescher Zukunftsperspektive gëtt et also op d’mannst emol eng Alternative, zu Fléckaarbechten u Fligeren. Natierlech ouni ze vergiessen, dass een am Hangar an der Sécherheetszone vum Findel steet. Den Direkter vu Luxairport war iwwer eis Fro am hypotheteschen Reaffektatiounszesummenhang net wierklech amused a sot, elo a menge Wierder resüméiert an interpretéiert: et ass eis Hal an et bleift se. Och gutt! On verra!