
Déi nei CSV-Justizministesch Elisabeth Margue confirméiert an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP, datt se och nom Regierungswiessel dru festhält, en Droit Penal fir Mineuren anzeféieren. En Text, wouranner och e Prisong fir Mannerjäreger virgesinn ass.
Dësen Text, dee virun 2 Joer vun der deemoleger Justizministesch Sam Tanson deposéiert gi war, gëtt aktuell an der zoustänneger Justizkommissioun diskutéiert, wou iwwer eng Dosen Avisen virleien, dorënner och dee ganz kritesche vum Staatsrot, mat iwwer zwou Dose formellen Oppositiounen, sou datt d’Aarbechten u sech um gudde Wee sinn.
Deemno baséiert sech de Gesetzesprojet op déi grouss international Prinzippie vun de Kannerrechter an der Gerechtegkeet fir Mannerjäreger, déi a Konflikt mam Gesetz geroden.
D’Diddelenger LSAP-Deputéiert Biancalana an Di Bartolomeo hate Froen am Bezuch mat Jonken am Prisong gestallt, nodeems virun engem Mount e Mineur hat misse provisoresch zu Schraasseg placéiert ginn, well keng Plaz méi zu Dräibuer war. Dëse Mineur, deen der Justiz wéinst enger Rei penalen Infraktioune bekannt war, koum no 9 Deeg nees zeréck op Dräibuer.
D’Deputéiert haten d’Iddien avancéiert, datt Mineuren och kéinten iwwergangsweis an enger spezialiséierter Unitéit, der Orangerie, am Ettelbrécker CHNP placéiert ginn - dës Léisung war awer an dësem Fall net zeréckbehale ginn, well de Jonke keng speziell psychiatresch Therapie néideg hat.
Wéi gesot, soll et an Zukunft evitéiert ginn, datt Mineure mussen op Schraasseg kommen, wann d’entspriechend Gesetz bis gestëmmt an de spezielle Prisong fir Mineure bis geschafen ass.
Am Gesetzesprojet gëtt den Alter vun der penaler Responsabilitéit iwwerdeem op 13 Joer erofgesat.