Gedenkpad fir d'ArdennenoffensivEn Trëppeltour mat vill Geschicht

RTL Lëtzebuerg
Viru genee 77 Joer goung am Zweete Weltkrich d'Ardennenoffensiv lass. Wat deemools geschitt ass, kann een elo visuell am Wanseler Bësch entdecken.
E Stéck Geschichte un der frëscher Loft entdecken
Viru 77 Joer huet d’Ardennenoffensiv ugefaangen. Méi Informatiounen dozou kann een elo op engem visuelle Gedenkpad kréien.

Et ass e Gedenkpad - also en Trëppeltour fir sech un d’Ardennenoffensiv ze erënneren an hiren Affer ze gedenken. Dëse gëtt et scho gutt 25 Joer. Zënter dem Summer ginn et op dësem Gedenkpad awer e puer Ännerungen. Op enger Streck vun 3 Kilometer begéint ee mëttlerweil 65 liewensgrouss Silhouettë vun Zaldoten an Zivilisten, déi bei der Ardennenoffensiv dobäi waren. Ugesprach sollen hei ganz besonnesch déi Jonk ginn, dofir war et immens wichteg just wéineg Text opzestellen an ëm sou méi mat visuelle Komponenten ze schaffen.

Hannert dësem léierräichen Trëppeltour sti jorelaang Recherchen. D’Fotoen, déi fir d’Silhouettë benotzt goufen, stame vun den amerikaneschen an däitschen Zaldoten. Bei den Amerikaner goufen d’Fotoe meeschtens och beschrëft, sou dass et virun enger Partie Jore souguer nach méiglech war eng Partie Zaldote vun deemools ze kontaktéieren a sech hir Geschicht unzelauschteren.

Hei e puer Andréck vum Gedenkpad. D’Fotoe goufen d’lescht Woch gemaach.

De Gedenkpad kann elo scho besicht ginn. Am spéide Fréijoer 2022 soll de Sentier dann offiziell ageweit ginn. Vun do u wäert dann och eng Handy-Applikatioun en place sinn, mat där ee bei de Silhouetten a Panneauen déi ënnerschiddlechst Informatiounen zu der Ardennenoffensiv ka kréien.

De Gedenkwee ass Projet vum National Liberation Memorial, dem Naturpark Uewersauer, dem ORT Éislek an de Gemenge Wolz, Wanseler an de Stauséigemengen. Nieft dem Besuch um Gedenkpad, gouf et den Donneschdeg eng offiziell Gedenkfeier um Schumannseck fir un d’Ardennenoffensiv ze erënneren.

Den historesche Kontext hei vum Lea Schwartz resuméiert

Am Hierscht 1944 haten d’Amerikaner Lëtzebuerg befreit, d’Freed an d’Erliichterung ware grouss. D’Gefor, dass déi Däitsch zeréckschloe sollten, ass als e limitéierte Risk ageschat ginn. Vill amerikanesch Zaldote wären deemools souguer dovun ausgaangen, Chrëschtdag nees doheem bei hire Famillje verbréngen ze kënnen. Doraus ass näischt ginn, wéi an der Nuecht op de 16. Dezember déi Däitsch iwwert Ardennen ugegraff hunn.

15/12/2021 Ardennenoffensive - D’Nuecht vum 16. Dezember 194

Et war ee Verzweiwelungschlag, deen den Hitler deemools geplangt hat, op der enger Säit waren d’Russe kuerz virdru Warschau anzehuelen, op der anerer sinn d’Amerikaner ëmmer weider no vir geréckelt. Dem Hitler säi Plang: Sech esou séier wéi méiglech duerch d’Ardennen zréckzeschloen bis op Antwerpen. Dat hätt déi alliéiert Forcë getrennt an Antwerpen war och e wichtege strategesche Punkt. D’Amerikaner dogéint hu sech an hirer Positioun am Dezember 44 relativ sécher gefillt. Do ginn et e puer Grënn firwat dat esou war, ugefaange mat geographesche Facteuren an den Ardennen.

Frank Rockenbrod: An déi Linn, hei bei eis laanscht d’Ardennen, do ass gesot ginn, bon d’Ardennen ass en Terrain, dee relativ schwiereg ass fir eng modern Panzerarméi ze duerchqueren. Do kënne mir vläicht mat manner Leit dat protegéieren. Dat war wéi dat an den Headquarters gesot gëtt, een “calculated Risk”. An herno ass dat du passéiert, wat net hätt kéinten an där Form virausgesi ginn.

Dobäi koum, si haten de Code vun der däitscher Chiffréier-Maschinn geknackt, konnten also matlauschteren, wat am anere Lager gedeelt gouf. Wat si net wosste war, dass déi Däitsch do eng Viranung haten an iwwert déi Operatioun näischt iwwert hire Funk gesot hunn. “Der Feind hört mit”, stoung do iwwerall an de Bunkeren. Wéinst deem Risk, deen als kleng ageschat gouf, sinn och net grad esou vill Amerikaner op där Ardennelinn stationéiert ginn. Eng kleng Chance fir dem Hitler seng Arméi.

Frank Rockenbrod: Wat natierlech absolut dérisoire war, well eleng, nodeem wat déi däitsch Militären, déi ech interviewt hunn, mir erzielt hunn, déi Treibstoffvirrät wäre ganz einfach net duergaangen, sou eng Offensiv ze féieren. An et war en anere Faktor, deen ebenfalls wichteg war, war d’Wieder. Wat e Grond war fir déi Offensiv och de 16. ze maachen. Well nämlech deemools d’Meteorologen den Däitsche virgesot hunn, 5 Deeg mat Niwwel an doduerch déi amerikanesch Aviatioun kéint intervenéieren. An dat war natierlech ee vun deene strategesche Faktore vum Datum an och vum Gelénge vun der Offensiv.

77 Joer Ardennenoffensiv
An der Nuecht op de 16. Dezember hunn déi Däitsch iwwert d’Ardennen ugegraff.

Dem Hitler seng Arméi huet missen op Zäit spillen. Dësen Zäitvirdeel ass hinnen awer spéitstens an den Héichdierfer am Norde vum Land wéi zum Beispill Maarnech an Housen verluer gaangen. Déi goufen nämlech esou gutt vun den amerikaneschen Zaldote verdeedegt, dass déi feindlech Arméie vill Zäit verluer haten. Aus der Ardennenoffensiv ass ee laangen, bluddege Kampf ginn, dee bis Mäerz gedauert huet an iwwer 4.000 Leit op deenen zwou Säiten d’Liewe kascht huet. Zu engem Zäitpunkt wou de Krich schonn esou gutt wéi eriwwer war. Dat ass elo 77 Joer hir, en Dag, deen all Joer awer mat Zeremonien oder Reportagen an Erënnerung gehale gëtt. An dat wär och wichteg esou fir, dass esou eppes net méi geschéie kann.

Frank Rockenbrod: Well de Krich fänkt ëmmer an de Käpp vun de Leit un, an do muss ee sech och eemol bësse besënnen, ob dat, wat eis eent an net wat eis trennt. An do och wéi gesot, och u sech bësse schaffen. An och dee Reflet un déi aner weider ginn, ech mengen dat ass wichteg, well ee Krich, wéi deen deemools war, gleewen ech net, dass dat an esou enger Form nach eng Kéier erëm kënnt. Mä de Krich huet aner Dimensiounen an dofir ass et wichteg, dass mir op den Individuum kënne setzen, deen déi Wäerter do vertrëtt.

Am Kader vun der Ardennenoffensiv gëtt et elo och ee Sentier beim Schumann’s Eck, deen d’Geschicht erzielt, dee virun allem déi Jonk uschwätze soll.

Back to Top
CIM LOGO