"Ech si fir de Biogas"Energieminister reagéiert op Kritik an annoncéiert nei Strategie

Monique Kater
D’Biogasvereenegung, déi als Asbl quasi de komplette Secteur vertrëtt, fillt sech vun der Politik am Stach gelooss.

Claude Turmes annoncéiert nei Strategie

Den Energieminister weist sech iwwerrascht iwwer d’Aussoe vun der Biogasvereenegung, déi sech iwwert d’Haltung vun der Regierung vis-à-vis vun hinne beschwéiert huet. Si géife net eescht geholl a si hätten d’Impressioun, dass de Secteur vum Biogas, wat déi alternativ Energieproduktioun ugeet, benodeelegt géif, sou hire Vertrieder Gast Welbes. Et hätt een am Géigendeel dëst Joer vill Kontakt gehat, äntwert de Claude Turmes, dee präziséiert, dass ee net méi spéit ewéi virun 2 Wochen eng Konventioun ënnerschriwwen hätt, iwwer déi d’Biogasvereenegung Geld kréich, fir dass ee sech méi professionaliséiere kéint. Och d’Politiker léieren aus der Vergaangenheet, monéiert den Energieminister.

“Ech perséinlech sinn zum Schluss komm, datt déi Iddi mat deem Seuil vläicht deemools gutt geduecht war, mä datt se awer an der Praxis, an dat ass jo dat, wat wichteg ass, net déi Resultater bréngt, wou mer mengen. An dofir ass an deem neie Subsideregimm, deen et elo gëtt, wann ech haut eng nei Biogasanlag maachen, net méi mat dran. Also déi Strofen, déi deemools dra waren, déi sinn och net méi am neie System”

Extrait Claude Turmes (1)

Dee neie System géing esouwuel fir Betriber gëllen, déi nei an eng Anlag investéieren, mä och fir déi Anlagen, déi ewell scho 15 Joer lafen. Virdru war d’Reegel 20 Joer, erkläert de Claude Turmes.

“Deen detailléierten Biogas-Strategieplang, deen ass elo fäerdeg an dee kritt d’Biogasvereenegung elo, well mer ganz interesséiert sinn, wéi si dat gesinn. Souwisou sinn do am Januar scho Reunioune geplangt.”

Extrait Claude Turmes (2)

Him wieren e gudden Dialog an eng richteg Biogasstrategie wichteg, sou den Energieminister, mä virun allem sollten an Zukunft méiglechst vill Baueren eng Biogasanlag an hire Betrib integréieren.

E Méindeg de Moien um 7.20 Auer héiert Dir déi ganz Reaktioun vum Energieminister live op der Antenn.

De Secteur vum Biogas fuerdert kloer politesch Aussoen

Ëmmer méi Betriber maachen hir Anlag zou, well se weder de politesche Wëlle gesinn, nach eng Planungssécherheet hunn an dofir net weider a Biogas investéieren”, seet de Gast Welbes.

Dës Kritik vun der Asbl kënnt net aus dem Näischt: Jorelaang hätte si d’Politik gefrot, hinnen nozelauschteren an hir Proposen eescht ze huelen an och ëmzesetzen. Dat wier awer an der Vergaangenheet meeschtens net geschitt an dëst Gefill, dass een net eescht geholl géif, hätte si och beim aktuellen Energieminister, vun deem si sech éierlech a kloer Aussoen a puncto Zukunft vum Biogas zu Lëtzebuerg erwaarden.

An der alternativer Energie-Produktioun ass esou munches an der Schiflag an et ass héich Zäit, dass de Fanger an d’Wonn geluecht gëtt”, seet de Gast Welbes, deen als Vertrieder vun der Biogasvereenegung mat deem selwechte Fanger op d’Regierung weist. D’Biogasanlage wieren an der Lëtzebuerger Energiepolitik d’Stéifkanner, sou d’Kritik vum Gast Welbes, an dat mam Resultat, dass vun deenen 29 Anlagen am Joer 2017, der dëst Joer just nach 16 a Betrib wieren.

Eng ganz Partie Betriber hätten dofir decidéiert, net weider an hir Biogasanlag z’investéieren.

2017 ware se zu 29, 10% vun der Stroumproduktioun aus erneierbaren Energië koum vun hinnen an deemno hu si an deem Joer 18.000 Stéit d’Elektresch geliwwert. Rieds geet vun de Lëtzebuerger Biogasanlagen. U sech steet esou eng Anlag jo fir erneierbar Energien, manner Emissioune vun Zäregasen an Ammoniak. Et gëtt manner mineraleschen Dünger benotzt an d’Grondwaasser ass manner belaascht. Esou steet et zejoert an der Bestandsopnam vun der Biogasvereenegung. Quasi 50% manner Anlagen, et géif weder eng politesch Visioun nach Interessi um Secteur an dee geet dofir elo an d’Offensiv.

Quo Vadis Biogas?/Reportage Monique Kater

Mir gesinn dat esou, dass mer scho bal als quantité négligeable ugesi ginn, mir gi just sympathesch empfaangen.

A méi dann och net an dat scho jorelaang, reegt sech de Gast Welbes op, egal ob si sech un e Juncker, Schneider oder en Dieschbourg adresséiert hätten – Resultat: 3 Mol näischt. Eng Conclusioun vun der Biogasvereenegung, déi sech elo nach emol confirméiert gesäit. Op e Bréif, deen am Februar un den Energieminister Turmes goung, krute mir keng Äntwert, zielt de Gast Welbes, dee seng Biogas-Anlag op Äis geluecht huet.

Si froen eis fairerweis, fir dass mer hinnen da kee Reproche kënne maachen, mee déi kruzial Punkten, wou mer keng Sue froen, einfach nëmmen de politesche Courage a Wëllen, dee gëtt refuséiert. Mir hunn e Produktiounszwang, dat heescht, mir mussen eng gewëssen Zomm produzéieren, fir de käschtendeckende Präis ze kréien. Wa mer dat net maachen, kréie mer eng Strof.

Et ass dee Produktiounszwang, deen de Baueren, déi mat Biogas schaffen, dacks e Stréch duerch d’Rechnung mécht. An den alternativen Energië géing eleng hire Secteur bestrooft, wann net genuch produzéiert géif – esou wéi wann ee seng Primm fir en Elektroauto nees misst zréckginn, wann ee net wäit genuch gefuer ass, rëselt de Vertrieder vun der Biogasvereenegung de Kapp.

Da seet de Staat: du hues deng Obligatioun net erfëllt, du muss en Deel vun dengem Subsid zréckbezuelen. Esou funktionéiert de Biogassecteur an dat ass an eisen Aen inacceptabel. Mir sollte frou si fir all Kilowatt Stroum an Hëtzt, déi produzéiert ginn an net dee Secteur permanent penaliséieren.

Net wierklech ze verstoen, wann een dann an engem Dokument vun der ASBL liest, dass am Joer 17 d’Biogasanlagen 18.000 Stéit mat Stroum versuergt hunn an 9,8 Millioune Liter Mazout heiduerch konnten ersat ginn. Sämtlech organesch Stoffer kéinte sënnvoll energetesch opgewäert ginn, erkläert de Gast Welbes, deen d‘Politik opfuerdert, endlech Tacheles ze schwätzen.

Mir kënne gutt domadder liewen, wann dës Regierung seet: Biogas ass fir eis keen Thema, an eist Schema passt et net. Mee da sot eis et och propper – da wësse mer, wou mer dru sinn, da maache mer muer eis Anlagen alleguerten zou, dann hu mer vill manner Suergen op de Betriber an ekonomesch vill manner Risiko.

2017 waren nach 29 Biogasanlagen am Asaz – dëst Joer schaffen der nach 16. Responsabel schénge weder den Energie-, nach de Landwirtschaftsministère sech ze fillen.

Haaptfuerderung vun der Biogasvereenegung

Wa se bei deem Produktiounszwang e Puffer géingen abauen, wann ech virdrun d’Beispill vum Auto hat – da kritt ee gesot: du muss 22.000 km fueren an et si Joren, wou een der 25.000 oder 30.000 fiert, dat intresséiert si net. Dat heescht, wann dir ee Joer ënnert dem seuil de production bleift oder wéi hei ënnert dem Kilometrage, da gitt der direkt penaliséiert. Amplaz – an dat ass déi grouss Fuerderung zënter 2008: wann der vir hinner 3 Joer période de référence setzt, da setzt déi och hannen hin, wou een dann eng Moyenne kann zéien – neen, dat gëtt kategoresch refuséiert an dofir hu mer d’Anlagen zu Klierf, zu Reuler an zu Tandel verluer an esou geet dat riicht duerch, dass mer bei all den Anlagen, déi net méi um Netz sinn, just domadder ze dinn hunn.

Haaptfuerderung vun der Biogasvereenegung

Äntwert vun der Regierung op hir Revendicatiounen

Hiert Argument: dir wosst 2008, wéi der iech do dra gemellt hutt, wéi eng Obligatiounen der hätt, also kommt elo net kloen. Mä mir hunn e liewege Prozess, fidderen déi Saache mat organesche Stoffer, déi baussen an der Natur wuessen. Déi lescht 3 Joer gekuckt, wiisst net méi esou vill ewéi soss, also hu mir manner Stoffer. Wat maache mir? Mir wëllen industriell Offallstoffer siche goen, da gëtt gesot, dat passt eis net, dass dir an den Nopeschlänner Produkter erbäi scheppert. Wou de Mazout an den Ueleg erbäi gescheppert gëtt oder vu wou eng Goodyear oder en Dupont matière première op Lëtzebuerg scheppert, fir eng plus value hei ze schafen, fir Leit ze beschäftegen, do schwätzt keen dovun.

Äntwert vun der Regierung op hir Revendicatiounen

Biogasvereenegung fënnt keen Accord mat grénge Ministèren

1998, wou déi éischt Anlagen un d’Netz gaange sinn, do war den deemolege Minister Boden houfreg, dass d’Landwirtschaft et géif fäerdeg bréngen, e revenu accessoire mat eegene Produite kéint schafen. 2010, 2012 ass op eng Kéier eng politesch Decisioun geholl ginn, dass d’Landwirtschaft mam Biogas näischt méi um Hutt huet. An zënterhier hate mir just nach mam Wirtschafts- an Ëmweltministère ze dinn. A neierdéngs mam Energieministère. Also hu mer 3 Ministèren, all a grénger Verantwortung – a mir fannen et schued, dass mer do net virukommen.

Biogasvereenegung fënnt keen Accord mat grénge Ministèren

PDF: Bréif un den Energieminister

Back to Top
CIM LOGO