LuxairEng 55.000 Passagéier sinn iwwert d'Feierdeeg mam Fliger verreest

Christophe Hochard
Vill Leit huet et wärend de Feierdeeg vu Lëtzebuerg aus op sonneg Destinatioune gezunn. Ganz beléift war ënnert anerem Gran Canaria.
Eng 55.000 Passagéier sinn iwwert d'Feierdeeg verreest
Vill Leit huet et wärend de Feierdeeg vu Lëtzebuerg aus op sonneg Destinatioune gezunn. Ganz beléift war ënnert anerem Gran Canaria.

Dausende vu Leit hunn déi lescht zwou Wochen am Ausland verbruecht. Eng 55.000 Passagéier si mat der nationaler Fluchgesellschaft iwwer déi lescht Deeg an d’Vakanz geflunn. Och wann 2021 par rapport zum viregte Joer besser war, maachen déi verschidde Restriktiounen den Tour-Operateuren a Vacancieren d’Liewen awer schwéier.

Déi éischt Hallschecht vum Joer 2021 war komplizéiert fir d’Rees-Branche. Eréischt vum Summer un hätt een en Opschwong bemierkt, erkläert den Direkter vun der Luxair.

Bei der Luxair schaffe ronn 2.900 Leit. Dovunner sinn der tëscht 200-300 och dëst Joer nach vum Chômage partiel betraff. Dat sinn all Kéieres nach e puer Deeg pro Mount. Nëmme ganz wéineg Leit vum Personal wären nach vun engem komplette Chômage partiel concernéiert, sou de Gilles Feith.

Trotz gudder Impfquot verzeechne Spuenien a Portugal déi leschten Deeg nees héich Infektiounszuelen. D’Omikron-Variant huet dës beléifte Vakanzendestinatioune fest am Grëff. Angscht haten d’Reesender awer keng, wéi se eis erzielt hunn.

91 verschidden Destinatioune flitt d’Lëtzebuerger Fluchgesellschaft Luxair dëst Joer un. Nei am Programm ass zum Beispill de Senegal.

Back to Top
CIM LOGO