Atelier EvergreenEng Aarbechtsplaz fir Leit mam Statut salarié handicapé

RTL Lëtzebuerg
Mat insgesamt aacht Ateliere sëtzt sech d'Yolande Coop fir berufflech Inclusioun an. Deen neisten dovun ass den Evergreen zu Betzder.
Eng Aarbechtsplaz fir Leit mam Statut salarié handicapé
Mat insgesamt aacht Ateliere sëtzt sech d’Yolande Coop fir berufflech Inclusioun an. Deen neisten dovun ass den Evergreen zu Betzder.

E Grupp vun 10 Aarbechter mam Statut salarié handicapé këmmert sech hei ëm den Entretien vun den Alentouren, baut Geméis un a mécht saisonal Blummenarrangementer. Sou mat huet den Evergreen dräi Standbeen. Et géing ee sech dorëm këmmeren, dass all Employé dat ka maachen, wat him am beschte läit, ma och dass se ëmmer erëm gefuerdert ginn an eppes Neies dozou léieren. Fir d’Gina Mossong ass et déi éischte Kéier, datt si mat handicapéierte Leit schafft. Als Geméisgäertnerin huet si beim Uleeë vum Gaart missten dorop oppassen, en esou einfach ewéi méiglech ze gestalten. D’Beeter goufe kuerz gehalen, fir dass d’Aarbecht net ze schwéier ass an all Geméis gouf mat Biller beschëldert.

Et wier virun allem déi kierperlech Aarbecht, déi eng wichteg Roll spillt. “Si kënne sech hei auspoweren an dann no der Schaff, si si weesentlech méi roueg. Ech menge si mierken dat selwer a sinn och ganz zefridden domat.”

Donieft ginn am Evergreen och nach Blummen- a Planzenarrangementer gemaach a verkaf. Fir déi méi wibbeleg ass awer och eppes dobäi. Si këmmere sech ëm den Entretien vun den Alentouren, méien d’Wiss, rappen Onkraut a schneiden Uebstbeem.

D’Tina Chiovatero ass d’Cheffin am Evergreen a vun Ufank u mat dobäi. Et géing am Evergreen dorëms goen, fir Leit mat Statut salarié handicapé d’Chance op en normalen Aarbechtskontrakt ze bidden, mat deenen nämmlechte Rechter a Flichten ewéi all aneren Employé och.

Back to Top
CIM LOGO