
Zu Bartreng an der Rue de Luxembourg huet eng Fra e Méindeg den Owend eng Persoun nom Wee bei d’Apdikt gefrot. Nodeems d’Affer de Wee beschriwwen huet, huet d’Täterin d’Affer an den Aarm geholl, fir Merci ze soen. Kuerz drop huet d’Affer du gemierkt, dass hir Auer vum Handgelenk verschwonne war.
De selwechten Owend waren Onéierlecher zu Esch ënnerwee. An der Rue Jean-Pierre Michels hunn zwee onbekannten Täter bei engem Haus geschellt, ënnert dem Virwand Spenden ze sammelen. Ee vun den Täter huet no engem Glas Waasser gefrot. Wéi d’Awunnerin dat Glas du siche war, hunn d’Täter d’Geleeënheet genotzt de Portmonni ze klauen a sech duerch d’Bascht ze maachen.
D’Police rappelléiert dann an hirem Bulletin, wéi ee sech viru sou Bedruchsversich ka schützen.
E Méindeg am Nomëtteg gouf et iwwerdeems e gewalttätegen Déifstall an der Stroossbuerger Strooss an der Stad. Deemno hätten 3 Onbekannter dem Affer Saachen aus sengem Rucksak geklaut, ier se sech mat de geklaute Géigestänn aus dem Stëbs gemaach hunn.