Avis vum Conseil national des finances publiquesEng "Budgetsreegel", fir d’Hausse vun den Ausgabe vum Staat an der Gitt ze halen

François Aulner
Dat huet de President vum Conseil national des finances publiques, de Romain Bausch, an der Chamber-Finanzkommissioun proposéiert.
© RTL

Hien huet do den Avis vum CNFP zum Budgetsprojet fir d’nächst Joer presentéiert. Duerno huet en de selwechten Exercice virun der Press gemaach.

D’Recettë vum Staat klammen – nach -, mee d'Depensë méi. Ënnert dem Stréch bleift logescherweis en Defizit. De Wuesstem vun der Wirtschaft a vum Aarbechtsmaart bleiwen iwwerdeems ënnert dem historeschen Niveau. De Romain Bausch sot "et schéngt mir zimmlech sécher ze sinn, datt de Wuesstem net méi dee wäert sinn, dee mir kannt hunn an et schéngt och zimmlech sécher ze sinn, datt da musse bugdetär Upassunge geholl ginn, fir deem Rechnung ze droen".

Budgetär Upassunge weisen aktuell awer éischter an déi aner Richtung: eng Steierreform, déi vun 2028 un dem Staat bal 1 Milliard Euro u manner Recettë wäert kaschten an Depensë vum Staat fir d’Defense, déi bis 2035 nach ëm 1,6 Milliard Euro d’Joer klammen. D’Staatsschold wäert bis 2030 ëm 10 Milliarden Euro klammen an d’Zënsen dorobber op bal 1 Milliard.

De Romain Bausch huet betount, datt Lëtzebuerg am europäesche Verglach nach ëmmer déi zweetklengst Schold huet, mee hien huet der Politik recommandéiert, nees "budgetär Margen" ze schafen. Oder wéi mir et ëmmer vulgariséieren: e Sputt.

Ausbaben net méi héich ewéi Wuesstem an Inflatioun

2029 – 1 Joer no den nächste Chamberwalen – wäert de budgetäre Previsiounen no eppes musse geschéien an net just a Punkto Pensiounssystem. De President vum Conseil national des finances publiques warnt virdrun, Investissementer ze kierzen, déi net den "Dreiwer" wieren, mee schwätzt sech dofir aus d’Hausse vun den Depenses courantes – de Funktionnementskäschten ze bremsen.

A sengen Ae misst "een et awer fäerdegbréngen", mat der Digitaliséierung a mat der kënschtlecher Intelligenz de Staat effizient funktionéieren ze doen, ouni mussen d’Effektifen weider z’erhéijen. Tëscht 2015 an 2025 ass den Effektiv iwwregens ëm 53% gewuess an d’Masse salariale beim Zentralstaat – ouni Gemengen a Sozialkeesen also – ëm iwwer 80% wann een den Index esouguer erausrechent. Mam Index wieren et ëm 130%.

De Romain Bausch huet erzielt, ewéi hien an de 70er an 80er Joren am Finanzministère geschafft huet, et bei der Opstellung vum Staatsbudget eng "Budgetsreegel" oder "norme budgétaire" gouf. Wann déi net geklappt huet, dat gouf et nach e "Facteur d’élasticité", wou ee konnt ee Prozent "manipuléieren". D’Referenz fir d’Budgetsreegel war awer u sech, datt d’Ausgaben net dierfe méi héich leien ewéi d’Croissance vun der Wirtschaft plus d’Inflatioun.

"D’Zuele sinn net besser ginn" - "et ka geléngen»

De Finanzminister Gilles Roth hat am Fréijoer per Circulaire eng maximal Croissance vun den Depensë vu 4,5% ugepeilt, um Enn waren et 6,5%. Am pluriannuelle Budget stinn nees 4,5%. Op d’Fro, ob een net misst dovunner ausgoen, datt dat ewéi ëmmer net geléngt an de Budgetsdefizit méi grouss wäert sinn, huet de Romain Bausch locker geäntwert: "et kann een awer och dovunner ausgoen, datt et geléngt".

Gelaacht huet en och, ewéi mir hien op d’Previsioun vum CNFP viru bal 10 Joer ugeschwat hunn, datt d’Staatsschold am Joer 2060 bei 161% géing leien: "d’Zuele sinn net besser ginn", esou de Romain Bausch.

De Conseil national des finances publiques recommandéiert also d’Depensen an der Gitt ze halen. Aner Recommandatioune sinn op en neits de pluriannuelle Budget lassgeléist vum Budgetsprojet, fir dat nächst Joer am Fréijoer ze debattéieren. Dann och méi Kohärenz, andeems den RNB, den nationale Räichtum amplaz vum PIB als Referenz geholl gëtt. An RNB ausgedréckt wier d’Staatsschold vu Lëtzebuerg bei 45% an net "just" knapp ënner 30%.

Fir méi am Detail op d’Staatsfinanzen anzegoen, ass de Romain Bausch iwwregens den nächsten Dënschdeg eisen Invité vun der Redaktioun.

Back to Top
CIM LOGO