“De Minister ass amgaang eise Bildungssystem ze sprengen”, soen déi Lénk.
“Et gëtt net nom Wuelbefanne vun de Kanner gekuckt”, heescht et vu Liberté-Fräiheet.
Diskutéiert gouf ënnert anerem iwwert d’Schoulen hei am Land, Bildung, Kannerbetreiung an de Manktem un Enseignanten.
Déi Lénk sinn zum Beispill géint den Ausbau vun den ëffentlechen internationale Schoulen a plädéiere fir eng Schoul fir jiddereen, also en “tronc commun”.
Liberté-Fräiheet iwwerdeems kritiséiert, datt mat gratis Crèchen a Maisons Relaisen, Elteren encouragéiert ginn, hir Kanner ofzeginn. Jidderee misst de fräie Choix hunn a säi Kand och kënnen doheem versuergen.