Wann de Mënsch hautdesdaags och dës Verbindung zur Natur gréisstendeels verluer huet, erkennt een dës Energieplazen awer nach, well hei Kierchen oder Kapelle gebaut goufen. Eng esou eng "verstoppte" Plaz gëtt et zu Biekerech.
De Kuelebierg läit uewe lénks vu Biekerech, a Richtung Arel. Aus där Géigend kënnt och de Baron vu Guirsch. Der Legend no huet hien ëm 1100 un de Kräizzich deelgeholl, mam Verspriechen, eng Kapell opriichten ze loossen, wann hien déi géing iwwerliewen.
Nieft dem Willibrord ass och den Hiob, oder Job, hei am Bësch doheem, als Schutzpatroun vun deenen, déi extrem ënner uerge Krankheete gelidden hunn. Eng spirituell héich interessant Plaz! Och well se mat der Kathedral vu Chartres verglach gëtt, ënnert där et och esou eng Energiesträif soll ginn, wéi ënnert dem Biekerecher Kuelebierg. Ee vun den Energiepunkten ass genee am Chouer vun der Kapell, déi fréier wéi haut Leit unzitt.
Wat ee spiert? Et géing een nees Energie kréien, seet de Biekerecher. An der Zäit wiere hei immens grouss Prozessiounen eropgaangen. Reliéis Wäerter géifen nämlech méi wichteg ginn, wann et engem schlecht geet. D'Kapell gouf vergréissert, an zwar zweemol, bis bei déi aktuell Pläng.
Och d'Lann, en uralen "Arbre remarquable", soll en Energiepunkt sinn. Mir spieren a gesinn ...
D'Réimer waren hei schonn ënnerwee, tëscht Arel a Miersch. War hei fréier vläicht eng vun hire Waasserleitungen? Well d'Waasser dat ënnerierdescht Magnéitfeld stéiert, kéint dat sinn, erkläert den Nicolas Schweicher.
Anerer mengen, et kéint en ënnerierdeschen Tunnel vum Schlass vu Guirsch bis heihinner gefouert hunn. Wie weess ... Op alle Fall géing effektiv en ënnerierdesche Gank vu Guirsch fortgoen! Vun do also, wou de Baron hier war!
D'Hartmann-Gitter detektéiert geopathogen negativ Stréimungen, wéi eng Waasseroder. Leeft zum Beispill eng Quell ënnert dem Haus erduerch, kéint dat engem de Schlof huelen. Wëssenschaftlech sinn dës negativ Auswierkungen iwwregens net beluecht.
An awer: Net nëmmen den Nicolas Schweicher spiert dës Energie aus dem Buedem. Hien hätt Spezialiste komme gelooss, déi dëse Phänomen bestätegt hätten. Den Drot, deen hien an den Hänn hält, dréit sech esouwuel no lénks wéi no riets. Dat wier normal. Mee op eemol géingen e puer Lignen an déi selwecht Richtung weisen – kloer eng Anomalie vum Magnéitfeld!
Eng Anomalie, déi och hien net versteet ... Dat freet no méi, no engem méi déiwen Andauchen an d'Faszinatioun vun eisem Planéit. Eng Faszinatioun, déi een och an eisem klenge Lëtzebuerg begéint.
Beim eenzege Menhir zu Lëtzebuerg, zu Recken bei Miersch, gëtt et e grad esou staarken Energiepunkt.
Dee weise mer Iech a 14 Deeg.