Eng Ekipp vun zéng Monteure vu Creos këmmert sech ëm d'Héichspannungsmasten an déi iwwerierdesch Stroumleitungen zu Lëtzebuerg. RTL huet si bei enger Reparatur am Norde vum Land begleet.
Eng spezialiséiert Ekipp vun zéng Monteure vu Creos ass am ganze Land ënnerwee, fir Héichspannungsmasten ze kontrolléieren an ze flécken. Dacks musse si héich iwwer dem Buedem schaffen, verschidde Maste si bis zu 80 Meter héich.
Bei engem Asaz zu Lenzweiler, an der Géigend vu Klierf, huet d'Ekipp missen en defekten Isolator aus Glas op enger Héichspannungsleitung austauschen. D'Aarbechte goufen op engem Mast an enger Héicht vun 30 Meter duerchgefouert.
Fir d'Sécherheet vun de Monteuren ze garantéieren, goufen zwou vun de véier Héichspannungsleitungen ofgeschalt. Déi aner zwou bloufen ënner enger Spannung vu 65.000 Volt, fir datt d'Stéit an der Ëmgéigend weider mat Stroum versuergt konnte ginn. Ier d'Monteuren op de Mast geklomme sinn, hunn si nach eng Kéier kontrolléiert, ob déi betraffe Leitungen tatsächlech ouni Stroum waren.
Zwee Monteure sinn duerno op de Mast geklommen, wärend hire Kolleeg Michael um Buedem bliwwen ass. Hien huet d'Aarbechte virbereet an deenen aneren dat néidegt Material mat engem Seel eropgeschéckt.
Ee vun de Monteuren um Mast war den Antoine. Hie schafft zanter fënnef Joer an dësem Beruff an huet sech mëttlerweil un d'Aarbecht an der Héicht gewinnt. Ganz ouni Stress wier et awer och haut net, erkläert hien. Mat der Erfarung géif ee léieren, mat der Héicht ëmzegoen a sech op seng Aarbecht ze konzentréieren.
D'Sécherheet spillt dobäi eng zentral Roll. D'Monteure si mat engem Sécherheetsseel securiséiert, déi si beim Klammen a reegelméissegen Ofstänn befestegen.
Och de Michael, dee schonn zanter 14 Joer als Monteur schafft, erënnert sech un déi éischt Asätz an der Héicht. Mat der Zäit géif ee sech ëmmer besser un d'Aarbechtskonditioune gewinnen an och méi sécher an de Beweegunge ginn.
Nieft der Héicht sinn et virun allem d'Wiederkonditiounen, déi d'Aarbecht erschwéieren. Besonnesch am Summer kann et ënnert der Schutzkleedung extrem waarm ginn. Och am Wanter kënnen déi vill Schichte Kleedung kierperlech ustrengend sinn.
D'Ekipp ass dobäi ëmmer op anere Plazen am Land am Asaz. Iwwerwaacht ginn d'Aarbechte vum Alain Blocman, deen zanter bal 30 Joer an dësem Beruff schafft.
Zu Lenzweiler war d'Reparatur no ronn enger Stonn ofgeschloss. Den defekten Isolator war ausgetosch an déi betraffe Leitung konnt nees a Betrib geholl ginn.