Impfe vu Kanner"Eng epidemiologesch Responsabilitéit"

Diana Hoffmann
Zanter en Donneschdeg kënnen all d’Kanner vu 5 Joer u geimpft ginn. E Rendez-vous kann iwwer impfen.lu geholl ginn.

Den Impfstoff wier immens wichteg, datt kéinte vulnerabel Kanner geschützt ginn, oder fir de Fall dat e Kand mat enger vulnerabeler Persoun zesumme lieft, wéi zum Beispill engem Elterendeel deen eng Chemotherapie mécht, seet d’Kannerdoktesch Michèle Kayser.

De Choix, ob ee säi Kand wëllt impfe loossen, läit awer ëmmer nach bei den Elteren. “Wann Eltere mech froen, op si hier Kanner sollen impfe loossen, da soen ech ‘Dir musst är Kanner net impfe loossen”, betount d’Michèle Kayser. Et wier esou ze gesinn, wéi eng Grippeimpfung, wou ee ka wielen. Kanner selwer ginn nämlech vill manner krank duerch eng Covid-Infektioun wéi Erwuessener a mussen nëmme seelen an d’Klinik. Am beschte fënnt d’Doktesch, souwéi och vill aner Pediateren, et géing eng Impfflicht vun 18 Joer un agefouert ginn. Da bräicht net méi iwwer d’Kannerimpfungen diskutéiert ginn, sou de Constat.

Datt elo och Kanner geimpft ginn, ass eng sozial oder epidemiologesch Responsabilitéit di d’Eltere géingen iwwerhuelen, seet d’Michèle Kayser. Duerch d’Impfung vun de Kanner gëtt nämlech och di vulnerabel Bevëlkerung besser geschützt.

Dacks wiere Kanner awer méi verstänneg wéi vill Erwuessener. Si wéilten sech impfe loossen, wëll se einfach d’Flemm hätte mat de Quarantänen an Isolatiounen. Datt se net méi kéinten normal hiren Hobbyen nogoen. Doriwwer eraus géingen se och dorënner leiden, datt se Angscht hätten de Virus mat Heem ze bréngen. Den Infektiounstaux an de Schoulen, Crèchen a Maison relais ass héich. Kanner tëscht 8 an 11 Joer géingen dofir soen, se wéilten hier Mask an der Schoul léiwer unhalen, fir sech net unzestiechen. «Un deene kënnen sech vill Erwuessener wierklech e Beispill huelen. Wéi si bereet sinn, dat ze maachen, fir erëm kënnen en normaalt Liewen ze hunn», betount d’Michèle Kayser.

Bedenken huet si als Pediater wat de Vaccin betrëfft keng. Mam BioNTech Pfizer hätt een eng grouss Experienz. Symptomer wiere fir d’Kanner änlech wéi fir Erwuessener. Eventuell den Aarm wéi no der Impfung oder een Dag grippenänlech Symptomer. Datt Elteren d’Impfung net unhuele géingen, fäert d’Doktesch net. Aner Impfunge wéi géint Tetanus wiere jo och akzeptéiert.

Bei Froen, sollen d’Elteren sech un hire Kannerdokter riichten. Wou se hiert Kand dann um Enn wëllen impfe loossen: ob beim Pediater, beim Hausdokter oder an engem Impfzenter, géing keng Roll spillen. Rendez-vouse kënnen iwwer impfen.lu geholl ginn oder iwwer dëse Link.

Bis en Donneschdeg am Nomëtte waren dann och schonn iwwer 1.100 Rendez-Vousen iwwert de Site vun der Santé ausgemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO